Jean Asselborn au sujet de la conférence de paix concernant la Syrie

"Et kann ee sech jo net elo erwaarden, datt zu Montreux direkt d’Oppositioun an de Regime géifen openeen zougoen. Dat war jo net ze erwaarden. Allerdéngs ware Leit déi gefaart hunn am Virfeld, datt et no Montreux iwwerhaapt kee Genf II géif ginn."

Jean Asselborn: Et kann ee sech jo net elo erwaarden, datt zu Montreux direkt d’Oppositioun an de Regime géifen openeen zougoen. Dat war jo net ze erwaarden. Allerdéngs ware Leit déi gefaart hunn am Virfeld, datt et no Montreux iwwerhaapt kee Genf II géif ginn. Ech mengen, an deem Debakel dee sech a Syrien ofspillt, muss ee frou sinn, datt effektiv déi 2 Säite sech bereet erkläert hunn, fir vu muer un ënner der Direktioun vum Här Brahimi sech ëm een Dësch ze setzen. An dat ass schonn en Zeechen, datt jo awer eng gewëssen Hoffnung, soen ech elo emol, eng gewëssen Dynamik zur Hoffnung besteet, fir eben zu enger Léisung ze komme vun engem Debakel, wéi ech gesot hunn, deen dee gréissten ass zanter dem Enn vum Zweete Weltkrich um humanitäre Plang.

Carole Schimmer: Dir hutt dat och an Ärer Ried gëschter gesot. Allerdéngs hutt Dir och gesot, datt d’Auteure vun esou Verstéiss misste virun dat Internationaalt Mënscherechtgeriicht vun Den Haag kommen.

Jean Asselborn: Ech mengen, elo geet et esou, datt déi Gespréicher muer uginn.

Dir wësst, an der Approche, de Regime, den Ausseminister deen do war, deen huet eng Ried gehale vu 35 Minutten – an hat 10 Minutten Zäit kritt – fir d’Bekämpfung vum internationalen Terrorissem. Effektiv konnt een, wann een déi Ried gelauschtert huet, dovun ausgoen, datt déi 130.000 Leit déi hiert Liewe verluer hu lauter Terroriste wieren a Syrien. A Schold ass natierlech net de Regime; Schold sinn hier Noperen, ass eng international Verschwörung.

D’Oppositioun, a mengen Aen op jiddwer Fall, ass vill méi rational, un d’Saach eru gaangen.

Natierlech, de Problem ass, wie stellt d’Oppositioun um Terrain richteg duer? Huet si genuch Lienen zu deem wat sech a Syrien ofspillt? Dat ass eng Fro, déi selbstverständlech am Raum stoe bleift. Ma et muss een elo kucken, wat fir Perspektiven ergi sech am Palais des Nations vu muer un.

Dat Alleréischt dat ass, datt een et eventuell fäerdeg bréngt fir lokal Cessez-le-feu anzesetzen, an datt doduerch dann déi humanitär Organisatiounen, vun der UNO virun allem, oder vum Internationale Roude Kräiz, datt déi Accès kréien zu deenen 10.000e Leit déi Hëllef brauchen.

Datt een dann an engem zweete Schrëtt et eventuell géif fäerdeg bréngen, fir all auslännesch Militärgruppen déi a Syrien sinn aus dem Land ze verdreiwen.

An dat Drëtt, dat ass dann, datt een et fäerdeg bréngt, fir iwwer eng Transitiounsregierung, oder Transitiounsphas a Syrien ze schwätzen. Dat ass natierlech eppes wat, menger Meenung no, vläicht Wochen, esou guer Méint brauch, ier et esou wäit ass.

An dann ass dee Volet vun der Impunité, wann een – an dat ass jo net nëmmen de Regime, ech mengen, do muss een der Saach an d’Ae kucken, et sinn och extremistesch Gruppen déi géint de Regime kämpfen – déi Gewaltakten, déi alles maache wat géint déi fundamental Mënscherechter verstéisst, an datt déi – dat ass meng Ausso, an do war ech och net alleng – datt d’Auteure vun esou Crimen, Crimes de guerre och, datt déi virun den Internationale Geriichtshaff zitéiert ginn.

Dernière mise à jour