Jean Asselborn au sujet de la conférence de paix pour la Syrie

"Ech mengen, de Generalsekretär huet déi richteg Decisioun geholl. Mir waren zu e puer och mat consultéiert ginn, op jiddwer Fall meng Meenung war déi: Entweder den Iran seet, datt en zu Genf zu der Déclaration de Genève steet, oder e muss d’Konsequenzen zéien."

Max Theis: Et ass en diplomatesche Faux-pas éischter Klass. Fir d’éischt huet den UNO-Generalsekretär Ban Ki-moon iwwerraschend déi iranesch Regierung op d’Syrien-Friddenskonferenz invitéiert, an dunn nees aus-invitéiert. Do virdrun haten d’USA massiven Drock gemaach. Den UNO-Generalsekretär wollt verhënneren, datt d’Friddensgespréicher géife platzen.

De lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn fënnt dat déi richteg Decisioun, well den Iran d’Decisioune vun der éischter Genfer Konferenz net wollt akzeptéieren.

Jean Asselborn (O-Toun): Ech mengen, de Generalsekretär huet déi richteg Decisioun geholl. Mir waren zu e puer och mat consultéiert ginn, op jiddwer Fall meng Meenung war déi: Entweder den Iran seet, datt en zu Genf zu der Déclaration de Genève steet, oder e muss d’Konsequenzen zéien. Déi aner Alternativ war ee Moment am Gespréich fir dat Ganzt – Montreux – ze verschiben, ma wann een dat gemaach hätt, da wier een ni méi ukomm mat där Konferenz. An ech mengen, datt de Generalsekretär eben do konfrontéiert war mat enger Strategie déi den Iran perfekt kennt, an datt hien awer do déi richteg Konsequenzen, a mengen Aen op jiddwer Fall, doraus gezunn huet.

Dernière mise à jour