Déclaration sur la politique européenne et étrangère de Jean Asselborn à la Chambre des députés

"D’Krisen iwwerschloen sech. D’Welt steet op der Kopp"

Här President,

Dir Dammen an Dir Hären Deputéiert,

1. An deenen 2 leschte Joer ass Villes geschitt op der Weltbühn a mir Lëtzebuerger konnten, duerch eis Präsenz am UNO Weltsécherheetsrot, dat Geschéien vu ganz no matt erliewen an och matt gestalten, op eisem Niveau als net permanente Member.

2. Ukraine, Gaza, Irak, Syrien, Sahel, Süd Sudan, Ebola asw. D’Krisen iwwerschloen sech. D’Welt steet op der Kopp. Esou vill déifgräifend Krisen a Konflikter matt esou onberechenbaren Akteuren zur selwechter Zäit maachen d’Welt extrem nervös.

3. 100 Joer nom Ufank vum Éischte Weltkrich a bal 70 Joer nom Enn vum Zweete Weltkrich sinn d’Fundamenter, op deenen d’UNO an di modern Weltgemeinschaft opgebaut gi sinn, a Fro gestalt.

4. D’Annexioun vun der Krim verstéisst géint d’internationalt Recht a besonnesch géint d’Charta vun der UNO a géint d’Helsinkiprinzipien, op deenen eise kollektive Sécherheetssystem an Europa baséiert. Déi Annexioun huet existéierend Grenzen an Europa verännert. Weist dat net dass mir d‘Lektioune vun der Geschicht net geléiert hunn? Et weist jiddefalls, an dat ass beängschtegend fir e klengt Land wéi Lëtzebuerg, dass mir eis net méi ganz op d’Fundamenter vum internationale Recht verloosse kënnen.

5. D’Konsequenzen dovunner si grave fir d’international Gemeinschaft, mä och fir di individuell Länner, déi de System droen. Wann d’Gesetz vum Stäerksten an den Nationalismus sech sollten an d’Plaz vum Multilateralismus setzen, da besteet de grousse Risiko, dass de Fridde massiv a Gefor ass.

6. Dowéinst musse mir deenen Tendenze matt all eiser Kraaft entgéint steieren. Europa huet eng speziell Responsabilitéit an dësem Kader, well mir déi international rechtsstaatlech Zesummenaarbecht ganz wäit entwéckelt hunn a weltwäit eng Inspiratiounsquell bleiwen duerch eise Modell, deen op d’Deele vu Souverainetéit tëschent de Memberstaaten an op d’Anhale vun de Grondreegelen opgebaut ass. Och an der EU selwer ass den Nationalismus erëm do a lauert. Nëmmen, wa mir dës Plo energesch matt eisen demokratesche Mëttele bekämpfen, kréie mir dës negativ Entwécklung gestoppt.

7. Lëtzebuerg setzt sech dofir och am Rescht vun der Welt fir d‘Rechtsstaatlechkeet, d‘Demokratie an d‘Mënscherechter an. Mir sinn dervun iwwerzeegt, dass Sécherheet nëmmen dauerhaft ass, wa Länner sech entwéckelen, a wann d’Mënscherechter an d'Rechtsstaatlechkeet d’Fundament vun där Entwécklung sinn.

8. Mir hunn eis am Sécherheetsrot staark gemaach fir eng inklusiv Approche zur internationaler Sécherheet an zum internationale Fridden, an op allen Niveauen a bei alle Geleeënheeten derfir plaidéiert, dass de Sécherheetsrot, wann e Krisen upaakt, muss pochen op de Schutz vun der Zivilbevëlkerung an op d‘Responsabiliséierung vun deenen, déi Verbrieche un der Mënschlechkeet oder Mënscherechtsverbrieche begaangen hunn. De Sécherheetsrot setzt Friddensmissiounen an, fir Konflikter an de Grëff ze kréien, fir Friddensprozesser ze begleeden, a fir d’Grondsteng ze leeën, fir nees e Rechtsstaat opzebauen, do wou Krich war. An deem Sënn sinn an deene leschten zwee Joer zum Beispill d’Missiounen am Mali (d’MINUSMA), an an der Zentralafrikanescher Republik (d’MINUSCA), geschafe ginn.

9. Mir hunn eis am Sécherheetsrot aktiv, als President vun engem Aarbechtsgrupp, fir e bessere Schutz vu Kanner a Konflikter agesat, an dru geschafft, dass déi speziell Verletzlechkeet vu Kanner a Krichssituatioune berücksichtegt gëtt, an dass Konfliktparteien ëmmer nees op d’Fanger geklappt kréien, wann se Kannerrechter violéieren.

10.Mir hunn dofir enk zesummegeschafft matt der Mme Leila Zerrougui, der Spezial-Vertriederin vum Ban Ki-moon fir Kanner a Konflikter, a matt hirer Equipe. D'Mme Zerrougui war d'lescht Joer hei zu Lëtzebuerg, an ech hunn si zënterhir regelméisseg begéint : si appréciéiert déi Aarbecht, déi eis Equipp zu New York mécht, enorm. Et ass vill Détail-Aarbecht, iwwer spezifesch Länner-Situatiounen, op Basis vun der Mme Zerrougui hire Rapporte vum Terrain, fir déi mir Recommandatiounen a Conclusioune vum Aarbechtsgrupp ausgeschafft a verhandelt hunn. Dëst zum Beispill fir de Yemen, de Myanmar, de Congo (RDC), oder elo fir Syrien. Et geet och drëm, dass d'UNO Konfliktparteien, déi sech u Kanner verginn, un de Pranger stellt, a gläichzäiteg en Dialog féiert, fir konkret Pisten ze proposéieren, wéi Kanner besser geschützt kënne ginn. Dat geet vun der Reintegratioun vu Kannerzaldoten an hir Communautéiten bis besseren Informatiounsaustausch tëschent allen Akteuren.

11.Mir hunn eng nei Resolutioun vum Sécherheetsrot duerchbruecht, während eiser Présidence am Mäerz, d'Resolutioun 2143, an där mir de Kader gesat hunn, fir Schoule besser virun Iwwergrëffer vu Konfliktparteien ze schützen, an och Moossnahme geholl hunn, fir dass Blohelmer besser virbereet ginn, fir op Violatioune vu Kannerrechter a Konflikter ze reagéieren.

12.Eng aner grouss Prioritéit fir eis an deene leschten zwee Joer war Syrien, an dir kennt meng Frustratioun, dass et no méi wéi dräi Joer bluddegem Biergerkrich, no honnertdausenden Doudegen a Millioune Flüchtlingen, nach ëmmer net méiglech war, eng politesch Léisung an deem Land ze fannen. Well de Sécherheetsrot komplett blockéiert ass, hu mir haart geschafft, fir déi aner 14 Memberen derzou ze kréien, wéinstens Eenheet ze fannen an der Fro, wéi mir déi batter néideg humanitär Hëllef méi efficace a Syrien kéinten erakréien. Mir hunn d'Resolutiounen 2139 an 2165, zesumme matt Australien a Jordanien, ausgeschafft an d'Verhandlunge gefouert, a mir si frou, dass eis Efforten aan deem Dossier derwäert waren. Déi zwou Resolutioune sinn am Februar respektiv am Juli 2014 unanim ugeholl ginn, trotz alle groussen an déiwe Meenungsverschiddenheeten am Conseil iwwert Syrien méi allgemeng. Um Terrain si Verbesserungen net einfach, mä déi humanitär Akteuren, matt deene mir ganz enk zesumme geschafft hunn, soen eis, dass si e reellen Ënnerscheed mierken, an elo méi Leit matt hirer Hëllef kënnen erreechen.

13.Ech hunn et direkt am Ufank ugedeit: d’Ukraine-Kris ass déi Kris, déi eis dëst Joer hei an Europa am schwéierste markéiert huet. Traurege Fakt ass, dass bis haut em déi 4.300 Leit hiert Liewen am Oste vun der Ukraine verluer hunn; eleng méi wéi 1000 Leit sinn zanter dem Waffestëllstand vu September ëmkomm. D’Ukraine ass e Land am Krichszoustand; eng net ze justifizéierend Situatioun fir d’international Communautéit.

14.Lëtzebuerg hat d'Présidence vum Sécherheetsrot am Mäerz 2014, kuerz nodeems d'Kris iwwert eis eragebrach war. Esou wéi am Balkan, ugangs vun den 90er Joeren, si mir brutal drun erënnert ginn, dass Krich um europäesche Kontinent nach ëmmer eng batter Realitéit ass, a Fridden nach ëmmer keng Selbstverständlechkeet, och 25 Joer nom Fall vun der Mauer.

15.Et huet een d'Gefill, dass all dat, wat mir zanter dem Enn vum Kale Krich zesumme matt Russland opgebaut haten, an e puer Méint zerstéiert ginn ass. Et wäert Joeren daueren, fir erëm normal Relatiounen opzebauen. Mir beméien eis, den Dialog matt Moskau oprecht ze erhalen, mä mir kënnen net zouloossen, dass d'Ukraine weiderhin destabiliséiert gëtt.

16.Erënnere mir eis drun, Dausende vu Leit sinn zu Kiew de leschte Wanter op d’Stroosse gaang, fir méi Demokratie a méi Biergerrechter ze fuerderen. Si wollte manner Korruptioun an hirem Land, a si wollte mattbestëmmen, a wéi eng Richtung d'Ukraine am Ufank vum 21. Jorhonnert soll goen. Et huet ee vill europäesch Fändelen um Maïdan gesinn. An an der Nuecht vum 19. Februar si bal honnert Leit op där Plaz vu Sniperen erschoss ginn. Leider si bis haut dës Sniperen net eendeiteg identifizéiert. Duerno hunn d’Evenementer sech enchaînéiert, an ech brauch iech déi eenzel Etappen net ze rappeléieren, dir hutt se matt vill Opmierksamkeet verfollegt.

17.No der Annexioun vun der Krim ass den Oste vun der Ukraine a Brand geroden. Separatisten, deenen hir Motiver oft onkloer waren, hunn zu de Waffe gegraff. Kiew huet, wéi hätt et anescht konnt, matt Waffe geäntwert. Biergerkrich ass ausgebrach. Moskau huet Waffe geliwwert, och Mercenairen. Ukrainesch Milizen hunn agegraff, Kiew huet seng regulär Arméi agesat.

18.De 17. Juli gëtt de Vol MH17 iwwert dem Oste vun der Ukraine erofgeschoss matt bal 300 Leit u Bord. Dobäi kënnt fir eis déi traureg Realitéit dass e Papp, eng Mamm an zwee Kanner, déi zu Réiser gewunnt hunn, ënnert den Affer sinn. D’Enquête iwwert dëse kriminellen Akt gëtt vum Dutch Safety Board gefouert, eng Instanz déi onofhängeg ass vun der hollännescher Regierung. D’Resultater ginn am Summer 2015 erwaart.

19.De 25. Mee huet eng iwwerwältegend Majoritéit vu Leit an der Ukraine een neie President gewielt. D’ukrainescht Vollek huet deen Dag bewisen, dass et matt demokratesche Mëttelen aus dem Lach wëllt erauskommen. D’Vollek huet dat nach eng Kéier bewisen, wéi et de 26. Oktober en neit Parlament gewielt huet. Dat Verlaangen no Rechtsstaatlechkeet vun den Ukrainer musse mir ënnerstetzen! Et ass elo un hinnen a virun allem un hiren neie Responsabelen, hiert Land z‘organiséieren. D’Ukraine brauch dringend economesch Reformen, Dezentraliséierung, eng Reform vum Justiz-System, méi Rechter fir Minoritéiten a Gesetzer géint Korruptioun. Mir kënnen si begleeden, mä de politesche Courage, fir sou déifgräifend Reformen unzepaken an ëmzesetzen, musse si selwer hunn.

20.Leider hat d’Europäesch Unioun keng Alternativ, wéi geziilte Sanktioune géint d’Separatisten a géint Russland ze huelen. Lëtzebuerg ass fest dervun iwwerzeegt, dass Sanktiounen nëmmen een Instrument sinn, keen Zil u sech, fir de Konflikt ze entschäerfen.

21.Am Laf vun der Kris huet d’ Europäesch Union dofir all Mëttelen agesat, fir eng politesch Léisung ze fannen. Militäresch ass dëse grave Konflikt net ze wannen. Eng politesch Léisung ass déi eenzeg Méiglechkeet fir, dass d’Ukraine sech soll kënnen tëschent der EU a Russland entfalen. D’OSZE ënnert Schwäizer Presidentschaft dëst Joer huet och eng grouss a wichteg Roll als Médiateur gespillt. Mir hoffen, dass Serbien d'nächst Joer do uknäppt, wou d'Schwäiz wäert ophalen. D’Schwäizer OSZE-Présidence huet decisiv derzou bäigedroen, mam Accord vu Minsk de Kader fir eng politesch Léisung ze schafen.

22.Den Accord vu Minsk, deen e Waffestëllstand, d’Fräiloosse vu Prisonnéier, de Réckzuch vun alle Waffen a bewaffnete Männer, d’Dezentraliséierung vum Pouvoir an der Ukraine an e spezielle Statut fir d’Regioune vun Donetsk a Lugansk virgesäit, muss ëmgesat ginn. Minsk ass dat eenzegt Instrument wat mir hunn, a mir mussen dru festhalen. Minsk muss nei beliewt ginn. Dofir muss de Kontaktgrupp ganz séier nees zesummekommen, an all d’Akteuren em een Dësch bréngen. Rondrëm deen Dësch musse konkret Engagementer geholl ginn, fir dass un alleréischter Stell eng richteg Wafferou um Terrain agehale gëtt an dass eng kloer Demarkatiounslinn gezu ka ginn, wou de Waffestëllstand anzehalen ass. All Elementer vum Accord vu Minsk si wichteg, mä d’rapid Ëmsetze vun der Dezentraliséierung a vum spezielle Statut vun Donetsk a Lugansk schénge mir essentiell. E spezielle Statut fir déi Regiounen heescht natierlech och, dass Kiew weiderhin d’Souverainetéit iwwert déi Gebitter hält, an och all d’Obligatiounen erfëllt, déi d‘Souverainetéit matt sech bréngt. Et wier falsch, wa Kiew de Leit am Osten d’Gefill géif ginn, se falen ze loossen, zum Beispill andeems verschidde Sozialleeschtungen net méi géifen an déi Géigend fléissen.

23.Zanter dem Ufank vun dëser Kris huet Lëtzebuerg betount, dass d’Situatioun an der Ukraine net schwaarz a wäiss ass. Mir, an och Russland, däerfen d’Ukraine net an eng Position vum Entweder – Oder drécken. Entweder d’Europäesch Unioun oder Russland. D’Ukrainer mussen natierlech hir Zukunft selwer décidéieren, mä ech gesinn d’Ukraine vun der Zukunft als e Land, dat gutt Relatioune matt Russland a matt der EU huet. D’Ukraine als e Partner an eng Bréck am Dialog tëschent Russland an der Europäescher Unioun!

24.Et ass deen Dialog matt Russland, dee mir ëmmer nees musse sichen, well op d’laang Dauer ass sech net virzestellen, wéi mir matt Russland e Kontinent kënnen deelen, ouni mateneen ze schwätzen, an ouni zesummen un der Gestaltung vun deem gemeinsamen Espace ze schaffen. Zréck an de Kale Krich goen ass weder an eisem nach an de Russen hirem Interessi.

25.Haut, grad haut, brauch dës Welt d’USA, d’EU a Russland, matt all hirem Potenzial an hirer Energie fir am Noen Osten, am Afghanistan oder a Saachen Iran – net ze vergiessen am Kampf géint den Terrorismus, asw. – erfollegräich ze sinn. Op alle Kontinenter vun der Welt gëtt Angscht generéiert wann dës dräi wichteg Akteuren sech déi kal Schëller weisen. Duerfir muss virun allem d’EU, déi geographesch tëschent den USA a Russland läit, sech selwer abréngen, fir Weeër ze fannen, gescheit Weeër, fir Russland ze hëllefen d’Kéier ze kréien an zréckzefannen an de géigesäitege Respekt an an d‘Kooperatioun.

26.Keen huet d’Recht, am Interessi vun eise Kanner, fir dëse Wee ze verloossen an sech op Pied ze beweegen, wou een zu all Ament riskéiert, an e Vide ze falen. Rechtsstaatlechkeet – onbedéngt; Sanktiounen – wann et muss sinn. Et ass d’Flicht vun den USA, der EU a Russland, den Auswee aus der Kris ze sichen, fir dat Fatalt ze verhënneren.

27.Den zentrale Konflikt am Mëttleren Osten bleiwt den israelesch-palestinensesche Konflikt. Eng Léisung vun dësem wahrscheinlech eelste Konflikt op der Welt géif villen Extremisten de Wand aus de Seegelen huelen. D’Lag ass ganz eescht.

28.Déi aktuell Spannungen zu Jerusalem maachen eis grouss Suergen. Zu Jerusalem dierf de Status quo um Site vun der Esplanade des Mosquées net geännert ginn. Wann dat géif geschéien, kéint et zu enger grousser, och regionaler, Destabiliséierung kommen. Déi helleg Plazen zu Jerusalem musse fräi zougänglech bleiwe fir déi jeweileg Reliounen. Et däerf kee Mix vu politeschen a reliéisen Dimensioune gemaach ginn. Dat wier dann definitiv Ueleg op ee Feier, wat riskéiere géif, alles ze zerstéieren.

29.Déi permanent nei israelesch Siedlungspläng op palästinenseschem Gebitt maachen de facto d’Zwee-Staate-Léisung bal onméiglech. Et brauch een nëmmen op eng Landkaart ze kucken: Wéi soll dann e palästinensesche Staat, aus quasi hermetesch-zouene Stécker, der Westbank, Gaza an Ost-Jerusalem, nach kënne fonktionnéieren?

30.Firwat veruerteele mir d’Siedlungspolitik vun der israelescher Regierung ? Well d’Kolonien en Obstakel si fir de Fridden, well se nom internationale Recht illegal sinn, well se d’Zwee-Staate-Léisung op d’laang Dauer onméiglech maachen, an och well se absolut inkompatibel si matt der Aspiratioun vun Israeli a Palästinenser, a Fridden a Sécherheet ze liewen.

31.Ee Palästinensesche Staat ass kee Cadeau fir d‘Araber, et ass den Ecksteen fir Fridden am Noen Osten. Ouni e viabele palästinensesche Staat gëtt et keng Rou am Noen Osten, a laangfristeg keng Sécherheet fir Israel. Dofir mussen d’Provokatioune vun alle Säiten an d’Aktiounen, déi nach mei Animositéit séien, ophalen. Jiddfer Attentat op israelesch Bierger zu Jerusalem ass ee Gewaltakt, deen net ze justifiéieren ass an dee just dem Haass dénglech ass.

32.Dem John Kerry seng Initiativ fir nei Friddensgespréicher, déi am Summer 2013 ugoung, hat eis Hoffnung gemaach, an ech bewonneren déi Energie an deen Engagement, matt där hien iwwer Méint probéiert huet, déi zwou Säiten endlech rondrëm een Dësch ze kréien. Mä et freet een sech, ob d’israelesch Regierung wierklech un enger negociéierter Eenegung matt de Palästinenser interesséiert ass. Wann net negociéiert gëtt, hëlt d’Gewalt d’Iwwerhand. Misère, Haass an Hoffnungslosegkeet produzéiere just méi Extremisten op deenen zwou Säiten.

33.De Krich dëse Summer a Gaza huet dat gewisen. Et war bis elo deen déidlechsten, matt iwwer 2200 Affer. Vun deene sinn op d’Mannst, der UNRWA no, 1473 Zivilisten; 521 Kanner an 283 Fraen. Op engem Gebitt dat 7mol méi kleng ass wéi Lëtzebuerg, a wou 1,8 Millioune Leit liewen, mécht den Niveau vun der Zerstéierung duerch dee leschte Krich den Awunner den Alldag nach méi schwéier: iwwer 18.000 Wunnengen, 220 Schoulen, 62 Spideeler a 419 economesch a sozial Infrastrukture sinn zerstéiert oder beschiedegt ginn. D’Versuergung matt Waasser a Stroum ass limitéiert an et soll net vergiess ginn, dass quasi déi ganz Bevëlkerung a Gaza Liewensmëttelhellef brauch.

34.D’Gewalt a Gaza ass, direkt an indirekt, eng Konsequenz vun der Blockade a vun der desastréiser humanitärer Situatioun, wéi ech et, während menger Visite am Fréijoer, selwer nees konnt gesinn. Nom Krich vun dësem Summer ass d’Situatioun do absolut dramatesch.

35.Et ass onverzeihlech a condamnabel dass blannemännches Rakéiten aus Gaza op Israel geschoss ginn. D’Angscht vun der Zivilbevëlkerung hei ass ze verstoen. Och ze verstoen ass, dass Israel sech dogéint schützt. De Problem ass allerdéngs méi déif. Kee Vollek op der Welt géif sech ënnert de Konditiounen, déi a Gaza gëllen, friddlech verhalen. Ass de Mënsch agespaart, ouni Hoffnung op Besseres, liewt en ouni Motivatioun, an aarme Verhältnisser an ouni Aarbecht, da gëtt hien Deel vun enger negativer Dynamik, déi zu Gewalt féiert. Dës Dynamik muss d’israelesch Regierung, zesumme matt der internationaler Gemeinschaft, matt der EU och, briechen a Gaza op maachen. Am Numm vun der elementärster Mënschlechkeet. Am héigen Interessi vun Israel.

36.D’international Communautéit huet sech zu Kairo den 12. Oktober engagéiert d’Rekonstruktioun fir déi drëtte Kéier a sechs Joer ze finanzéieren. Dat kann net esou weidergoen. Den Däiwelskrees vu Rakéiten a Krich als Reaktioun op déi Rakéite muss gebrach ginn.

37.Mir bleiwen iwwerzeegt, dass den israelesch-palästinensesche Konflikt net duerch militäresch Mëttel, mä nëmmen duerch e gerecht, politescht Reglement geléist ka ginn, dat zur Koexistenz vun zwee Staaten féiert, déi niewteneen a Fridden a Sécherheet liewen. An eisen Aen huet de Sécherheetsrot do eng konstruktiv Roll ze spillen, a Lëtzebuerg ass prett, seng Responsabilitéiten an deem Dossier ze huelen. Am Sécherheetsrot prépareiert Jordanien de Moment, am Numm vun den arabesche Länner, eng Resolution, an där et drëm geet, Parametere fir eng Léisung vum Konflikt tëscht Israel a Palästina ze definéieren.

38.Dir wësst, dass déi nei schwedesch Regierung Enn Oktober de Palästinensesche Staat unerkannt huet. Domatt hu bis haut 135 Länner de Staat Palästina unerkannt. Den 29. November 2012 huet Lëtzebuerg an der Generalversammlung vun der UNO matt 137 anere Länner, dorënner eng Majoritéit vun den EU Memberen, en Faveur vun engem Rehaussement vum Statut vu Palästina zu engem „Etat observateur“ bei der UNO gestëmmt.

39.Mir sinn natierlech derfir, dass Palästina en onofhängegt a souveränt Land gëtt, niewt Israel, op Basis vun de Grenze vun 1967, matt Jerusalem als Haaptstad vun deenen zwee Staaten. Am Prinzip si mir also bereet, Palästina och bilateral als Staat unzëerkennen. Esou eng Unerkennung muss awer dem konkreten Objektiv vum Fridden déngen, an dierf nët nëmmen e symbolesche Selbstzweck sinn. Mir mussen engem palästinensesche Staat déi beschte Startchance ginn. An dofir mengen ech, dass d’Negociatiounen tëschent de Parteien nees ugoe mussen.

40.Fir positiven Drock op dee Verhandlungsprozess ze maachen, kann een an der EU vill méi erreechen, wann ee gemeinsam virgeet. Ech maache mech dofir an der EU staark, dass d’EU eng coordinéiert Positioun ausschafft. Sollten d’Negociatiounen tëschent Israeli a Palästinenser allerdéngs net viru goen, a sollten ëmmer nees nei Obstakelen zu enger Zwee-Staate-Léisung matt Jerusalem als Haaptstad vun deenen zwee Staaten kreéiert ginn, da si mir bereet, eis Verantwortung ze iwwerhuelen.

41.Iwwer Joerzéngten hätt een, e bëssen naïv, kënne mengen, dass d’arabesch Gesellschaft d’Diktatur géif als eng Fatalitéit akzeptéieren. D’Gouvernance-Strukturen an der arabescher Welt waren esou figéiert, dass een sech net virstelle konnt, dass se un d’Wackele kéinte kommen. D’arabesch Revolt huet de Contraire bewisen. D’Striewen no Respekt fir d’Mënscherechter an no Fräiheet ass universal.

42.D‘Mënscherechter sinn indivisibel, si kënnen net fir déi eng zielen an net fir déi aner. Jiddfer Mënsch huet e Recht op e Liewen an Dignitéit. Als EU verlaange mir konsequent de Respekt vun dëse Wäerter. Am Sécherheetsrot hu mir eis derfir agesat, dass Fridden a Sécherheet net dauerhaft kënne sinn ouni de Respekt vun de Mënscherechter.

43.De Bilan vum Arabesche Fréijoer ass no bal véier Joer gemëscht. D'Striewe vun den arabesche Populatiounen no Dignitéit a politescher Inclusioun huet grouss Verännerunge matt sech bruecht. Mir hunn dës Bestriewungen ënnerstëtzt a wäerten dat och weider maachen, am Aklank matt eisem internationalen Engagement fir Rechtsstaatlechkeet an demokratesch Wäerter an am Aklank matt eisem soziale Gerechtegkeetssënn.

44.Ech war dëst Joer op Aarbechtsvisite an Tunesien, Marokko, Algerien, Jordanien, Israel an a Palästina a konnt eist Engagement an d'Bedeitung, déi den Dialog matt allen Akteuren aus der Regioun fir eis huet, ënnersträichen.

45.Geographesch sinn dës südlech Länner eis Noperen. An dës Noperschaft implizéiert en intensiven Austausch an alle Beräicher. Mir stellen awer fest, dass Mësstrauen a géigesäitegt Onverständnis onglécklecherweis zouhuelen. Mä de Respekt vum Aneren, sengem Glawen a senge Fräiheeten, zu deenen och déi gehéiert, net ze gleewen, ass e fundamentalt Element vun eisem Austausch.

46.Fir d'Länner aus dëser Regioun ass déi wirtschaftlech Entwécklung liewensnoutwenneg. D'Feele vu Perspektiven, besonnesch fir d'Jugend, hänkt ewéi en Damokles-Schwiert iwwert der politescher a sozialer Entwécklung vun dëse Länner.

47.Dei nei tunesesch Constitutioun vum 26. Januar schaaft eng demokratesch a pluralistesch Republik, matt Gewaltentrennung an Onofhängegkeet vun der Justiz. Et ass eng Verfassung déi laïque ass an d’Fraerechter respektéiert.

48.D‘Initiativ ass vun der tunesescher Bevëlkerung ausgaangen, dei Enn 2010/Ufank 2011 d’Diktatur gestierzt huet, de Courage hat, déi éischt fräi Wahlen ze organiséieren an eng Assemblée constituante ze convoquéieren. D’legislativ Wahlen hunn ouni Virfall de 26. Oktober stattfonnt, an den éischten Tour vun de Presidentschaftswahlen ass e Sonndeg och reiwungslos iwwert d‘Bühn gaangen. Dofir sollte mir dem tunesesche Vollek felicitéieren. Den 2. Tour vun der Presidentschaftswahl ass fir den 28. Dezember virgesinn. Tunesien soll keng Ausnahm sinn, mä en Beispill, wéi eng demokratesch Transitioun kann ausgesinn. Tunesien weist, dass Demokratie fir all d’Kontinenter, all d’Zivilisatiounen, all d‘Reliounen an all d‘Kulturen e Modell ass, deen erstriewenswäert a realisabel ass. Politesch ass Tunesien um gudde Wee, elo muss d’Land och nach economesch d’Kéier kréien.

49.Och e stabilt Ägypten bleift e wichtege Partner fir Europa, net nëmme wann et drëm geet, regional Krisen ze léisen. D’Transitioun an Ägypten war eng schwiereg an se ass nach net ganz ofgeschloss, och well et do leider extremistesch Kräfte ginn, déi net un enger Transitioun interesséiert sinn. Zesumme matt eise Partner an der EU setzt Lëtzebuerg sech an fir dass den Transitiounsprozess an Ägypten zur Stäerkung vun demokrateschen an zivilen Institutioune féiert, déi de Rechtsstaat an ëffentlech Fräiheete garantéieren. D‘Stabilitéit dierf net op d’Käschte vun der Fräiheet an der Demokratie goen. Zumools net an deem Land dat d’Wéi ass vun der Arabescher Welt.

50.Guer net gutt gesäit et am Nopeschland Libyen aus. Vun all de Länner vum Arabesche Fréijoer huet Libyen bis elo déi fundamentalsten Ännerungen erliewt an d’Land geet fir de Moment duerch seng schlëmmste Kris zanter dem Kadhafi sengem Fall. Zanter dem Biergerkrich vun 2011 huet keng libesch Regierung et fäerdeg bruecht, hir Autoritéit iwwert d’ganzt Land ze imposéieren. Am Moment huet Libyen tatsächlech zwou Regierungen an zwee Parlamenter!

51.A Libyen sinn esou vill verschidden Akteuren an d’Spill komm, dass een den Iwwerbléck verléiert. Honnerte vun eemolege Rebellegruppe wëllen hir Waffen net ofginn a kontrolléieren deelweis Häfen, Raffinerien a Petrolsfelder. Verschidde Gruppe finanzéieren sech duerch Mënschenhandel.

52.State- an Nation-building an engem Land, wou et nach ni e geuerdnete Staat an eng Natioun gouf, ass eng riseg Erausfuerderung a brauch Zäit, no 40 Joer Diktatur. Et gëtt keng aner Méiglechkeet wéi, matt Hëllef vun der UNO, e politischen Dialog ze féieren, dee fir d’éischt d’Spannunge reduzéiere muss. Froen zur Dezentraliséierung a Rechter vun ethnesche Minoritéite mussen duerch en inklusiven nationalen Dialog geléist ginn. Libyen ass e Beispill, dat sech net widderhuelen däerf.

53.Syrien ass haut déi zentral Plaz am Kampf fir eng nei Uerdnung vum Mëttleren Osten. A Syrien ass aus engem kuerzen arabesche Fréijoer e laange Wanter ginn. Aus engem zivilen Opstand e brutale Biergerkrich. Haut sinn et iwwer dräi an en halleft Joer hir, dass a Syrien legitim zivil Protester géint en illegitimen Diktator ugefaangen hunn.

54.D’syresch Kris huet e staarken Impakt op déi ganz Regioun. De legitime Kampf géint en Diktator, konfessionnell Spannungsfelder an d‘Amësche vu regionalen an internationalen Akteuren hunn a Syrien e Kataklyssem ausgeléist. Deen destabiliséiert d‘Nopeschlänner Libanon, Jordanien, d‘Tierkei an den Irak. Si hunn zanter dem Ausbrieche vum syresche Biergerkrich scho Millioune Flüchtlingen aus dem Nopeschland opgeholl a verdéngen eisen déiwe Respekt fir déi enorm Generositéit, déi si weisen.

55.D’Situatioun a Syrien ass katastrophal: an engem Land vun ongeféier 23 Milliounen Awunner hu bal 200.000 Leit, dorënner wäit iwwer 10.000 Kanner, hiert Liewe verluer; 12,2 Millioune Syrer, vun deene bal d’Halschent Kanner sinn, brauchen eng dringend humanitär Hëllef; 4,5 Millioune Syrer sinn a Kampfgebidder matt schwieregem Accès; iwwer 3 Millioune Syrer hu missen hiert Land verloossen; iwwert eng Millioun dovun sinn an de Libanon geflücht an stellt do en Drëttel vun der Bevëlkerung duer. Méi wéi 7,2 Millioune Syrer sinn am Land selwer déplacéiert. Am Zäitraum vun e puer Wochen hunn 200.000 Zivilisten d’Stad Kobane misse verloossen a sinn an d’Tierkei geflücht fir sech virun de Barbare vun “Daech” a Sécherheet ze bréngen.

56.Eis lëtzebuerger humanitär Hëllef am syresche Kontext beleeft sech bis elo op 12,6 Milliounen Euro. Mir hunn och eis Verantwortung iwwerholl a syresch Flüchtlingen zu Lëtzebuerg opgeholl. An enger éischter Phas hu mir eng 30 syresch Flüchtlingen aus Jordanien opgeholl, a mir schaffen elo mam UNHCR zesummen, fir 30 weider Leit aus Syrien, déi am Moment an der Tierkei sinn, op Lëtzebuerg ze bréngen.

57.D’Diplomatie huet leider gréisstendeels versot: d’Morden a Syrien, fir dat et ëmmer méi Schëlleger gëtt, wat de Konflikt méi laang dauert, konnt bis elo net gestoppt ginn.

58.D'EU huet eng Rei vu robuste Sanktioune vis-à-vis vu Syrien geholl. Dës Moossnahme viséieren de syresche Regime a seng Memberen, an net d'Populatioun. Wieren d'Sanktiounen, déi d'EU géint Syrien ausgeschafft huet, um Niveau vun der UNO geholl ginn, da wier den Drock op de Regime ee ganz aneren. Eleng een allgemenge Waffen-Embargo, fir all Säiten, hätt déi militäresch Aktivitéiten staark reduzéiere kënnen. Dëse Biergerkrich a Syrien ass nët duerch eng militäresch Interventioun ze stoppen. D'EU an hir Member-Länner si sech däers bewosst.

59.Mir bedaueren zudéifst de véierfache Veto vu Russland a China op Syrien-Resolutiounsprojeten am Sécherheetsrot. De Sécherheetsrot muss seng Roll als Garant fir Fridden a Sécherheet kënnen iwwerhuelen. Et ass dat eenzegt Instrument, dat der internationaler Gemeinschaft zur Verfügung steet, wat hei Autoritéit hätt. Et ass aarmséileg, dass de Sécherheetsrot net emol amstand war, den internationale Strofgeriichtshaff matt där grujeleger Situatioun a Syrien ze befaassen. Mir hate gehofft, dass wéinstens Eenegkeet am Rot géif doriwwer bestoen, dass d’Auteure vun deene schreckleche Mënscherechtsverletzungen a Syrien musse fir hir Handlunge riicht stoen.

60.Et gëtt awer zwou remarkabel Ausnahmen am aktuelle Blockage am Sécherheetsrot. Déi eng sinn d‘Efforten fir déi humanitär Hellëf an hir Verdeelung a ganz Syrien ze vereinfachen an ze verbesseren an den Transport iwwert d’Grenzen an d’Frontlinnen ewech méiglech ze maachen. Wéi ech iech schon am Ufank gesot hat, huet Lëtzebuerg ganz aktiv derzou bäigedroen, dass déi zwou Resolutiounen 2139 an 2165 konnten eestëmmeg ugeholl ginn.

61.Déi aner Ausnahm ass dat gemeinsamt Handele fir d’syresch chemesch Waffen ze vernichten. Nodeems a Syrien rücksichtslos chemesch Substanzen agesat gi waren, an dat 100 Joer nom Ufank vum Éischte Weltkrich, wou déi schrecklech Waffe fir d’éischt agesat goufen, huet de Sécherheetsrot am September 2013 unanim d’Resolutioun 2118 ugeholl, déi e strikte Kader gesat huet, fir de chemesche Waffeprogramm vum syresche Regime ze zerstéieren. D’UNO an d’OIAC (d’international Organisatioun fir d’Interdiktioun vun de chemesche Waffen) hunn déi Resolutioun an enger Rekordzäit a matt virbildlecher internationaler Zesummenaarbecht ëmgesat, an dat ënner ganz schwieregen Ëmstänn.

62.Fir eng politesch Léisung ze fannen, musse mir d’Efforte vum Envoyé spécial vun der UNO, dem Staffan de Mistura ënnerstëtzen. De Choix ka kee sinn tëschent zwou Tyranneien – Assad oder „Daech“. D’EU muss weider déi moderéiert syresch Oppositioun politesch a logistesch ënnerstëtzen. D’Kapazitéit vun där moderéierter Oppositioun, déi Lëtzebuerg als legitime Vertrieder vum syresche Vollek am Dezember 2012 unerkannt huet, muss gestäerkt ginn. Et ass manner de Mangel u Waffen, wéi d’Dispersioun vun där méi moderéierter Oppositioun, déi problematesch ass. Do kämpfen iwwert 1000 Gruppen, deelweis och géint d‘Djihadisten. Am Géigesaz zu den Djihadiste follechen déi vill kleng Gruppe kengem zentrale Kommando.

63.Den Assad ka kee Partner sinn am Kampf géint „Daech“. Eng dauerhaft Friddensléisung vum syresche Konflikt muss duerch eng politesch Transitioun ouni den Assad kommen, op Basis vum Acquis vum Communiqué vu Genève vu Juni 2012.

64.D‘Terrormiliz “Daech”, matt hirer pseudo-reliéiser Ideologie, déi mëttelalterlech Barbarei matt moderner Waffentechnik an d’Scharia mam Internet verbënnt, muss gestoppt ginn. Bei där Brutalitéit an deem Zynismus, matt deenen “Daech” virgeet, kann dës Terrormiliz fir keen e Verhandlungspartner sinn. Zesumme matt iwwer 60 Staaten, der EU an der NATO, ass Lëtzebuerg och Member vun der Anti-”Daech” Koalitioun. Mir leeschte virun allem humanitär Ënnerstëtzung fir déi, déi ënnert “Daech” leiden. Mir sinn och alleguer gefuerdert, fir dës Barbaren dervun ofzehalen, weiderhin Milliounen ze schäffele matt Erpressung, Kidnapping, illegalem Petrolshandel a gekaperte Banken.

65.Mir brauche géint dës Terroristen e laangen Otem. Matt Loftugrëff eleng kann een déi Band net zerstéieren, mä à terme schwächen, a mir gesinn éischt Resultater. D’Frontlinnen am Irak verlafen haut anescht, an en totale Génocide vun de Yeziden konnt verhënnert ginn duerch déi éischt amerikanesch Loftugrëff.

66.Fir dës Terrorgrupp ze zerstéieren ass och den Asaz vun anere militäresche Mëttelen noutwendeg. An Nordsyrien kämpfen déi kurdesch Truppe fir Volleksverdeedegung. De Fall vu Kobane wier eng Katastroph gewiescht. Dofir muss d’Tierkei d’Grenz ophalen, an déi zwou Richtungen, fir dass d’Stad net ganz agekesselt gëtt a fir dass Leit a Material kënnen erakommen.

67.Et ass och wichteg dass sech eng ganz Rei vun arabesche Staaten der Allianz géint “Daech” ugeschloss hunn, fir esou kloer ze maachen, dass et virun allem hiren eegene Kampf ass géint déi, déi hir Relioun pervertéieren. Schliesslech ass et vu primordialer Wichtegkeet, dass déi grouss Leadere vum Islam sech kloer an däitlech vun der Ideologie vum IS distanzéieren. Den Islam muss als friddlech Relioun deklinéiert ginn.

68.Erlaabt mir an dësem Kontext och e Wuert iwwert d’Combattants terroristes étrangers, oder op Englesch foreign terrorist fighters. De Sécherheetsrot huet am September d’Resolutioun 2178 ugeholl, fir géint déi terroristesch Gruppen wéi „Daech“, d’Al-Nusrah Front a matt Al Qaida assoziéierte Entitéite virzegoen, fir hire Finanzement ze stoppen a fir jonk Leit drun ze hënneren, an den hellege Krich a Syrien oder an den Irak ze zéien. Dausenden Europäer, dorënner och Leit vu Lëtzebuerg wéi mir wëssen, hunn sech op dee Wee gemaach oder denken drun, sech fir déi verluere Cause anzesetzen, a stellen eng grouss Gefor fir d’Zivilbevëlkerung an der Géigend, mä och doheem duer, wann se rëmkommen. Mir musse Mëttel a Weeër fannen, och um penale Plang, fir déi Leit dervun ofzehalen, an de Krich ze goen, fir se ze encadréieren, wann se rëmkommen, a fir méi allgemeng drun ze schaffen, dass déi brutal Ideologie vun “Daech” keng Wuerzelen an eiser moderner an oppener Gesellschaft ka schloen.

69.Wann den neie Premier Hadi al-Abadi matt senger Regierung vun der nationaler Unitéit den Irak als Land wëllt zesummenhalen, da muss hien alles maachen fir d‘Rechtsstaatlechkeet an d‘Inklusivitéit vum Zentralstaat ze stäerken, an derfir suergen, dass déi verschidde Communautéiten, besonnesch d’Sunniten an d’Kurden, sech nees mam Zentralstaat identifizéiere kënnen, an a senge Strukture vertruede sinn. Soss entsteet e geféierleche Vakuum, dee vun Extremiste gefëllt gëtt, sou wéi dat schon de Fall war nom Stierze vum Sunnit Saddam Hussein, wéi alles op d’Schiite gesat gi war.

70.Déi zanter Joerzéngten ongeléiste Konflikter an der Regioun, entweder tëschent der Tierkei an der PKK oder tëschent Schiiten an Sunniten, spillen dësen Terroristen an d’Hänn. Et ass keen Zoufall, dass “Daech” sech do konnt breetmaachen, wou et kee staarke Rechtsstaat gouf, wou d’Konfliktlinnen sech iwwerlageren an d’Mësstrauen tëschent Gruppe méi staark ass, wéi d’national Unitéit an d’Asiicht dass een esou engem Géigner nëmme ka gemeinsam Meeschter ginn.

71.Matt eng vun deene wichtegste Froen, déi sech am Mëttleren Oste stellen, ass déi, wéi een am Beschten den Iran matt abënnt fir Léisungen an deene sëlleche Konflikter ze fannen. D’Iraner waren déi éischt, déi de Kurden am Irak gehollef hunn. Den Iran huet och zu Bagdad selwer aktiv operéiert, soss hätt scho kënnen an den éischte Wochen, nodeems Mossoul gefall war, och Bagdad falen, an da géif den Irak an dëser Form iwwerhaapt net méi bestoen.

72.Fir den Iran konstruktiv matt anzebannen, muss den Iran fir d’éischt de Wee zréck an d’international Communautéit fannen. Mir hunn de Prozess ënnerstëtzt vun den E3+3 Staaten, dat sinn d‘P5 plus Däitschland, ënnert der Leedung vun der EU hirer fréierer Haute Représentante, dem Catherine Ashton, an deem eng zweespuereg Approche verfollegt gëtt. Also Drock op de Regime duerch Sanktiounen engersäits, d'Offer, iwwert politesch an economesch Bezéiungen ze verhandelen anerersäits, wann den Iran matt der AIEA kooperéiert. D'EU huet eng Rei vun extrem komplexen an efficace Sanktioune geholl. Si viséieren de Regime an d'Membere vum Regime, an si sollen den Opbau vun engem militäreschen Nuklearprogramm verhënneren. Dës Sanktioune setzen dem Regime staark zou. Si hunn zu engem Ëmdenken zu Teheran gefouert an zur Wahl d’lescht Joer am Juni vum moderéierte President Hassan Rohani, deen d’Relatiounen tëschent dem Iran an dem Weste wëll normaliséieren.

73.Mir hunn ëmmer op Diplomatie gesat, dofir hunn ech och d’Invitatioun vum Ausseminister Zarif ugeholl, fir als ee vun deenen éischten europäeschen Aussenminister no der Wahl vum President Rohani op Teheran ze reesen. De Minister Zarif war duerno och bei eis zu Lëtzebuerg.

74.Nach ni ware mir esou no drun, fir de Problem vum iraneschen Atomprogramm op eng diplomatesch Manéier ze léisen. Den Iran huet, et muss een et widderhuelen, wéi all Land Recht op zivil Nuklear-Energie. Déi eenzeg Bedingung ass, dass den Iran a voller Transparenz handelt an all seng Obligatiounen am Kader vu sengen internationalen Engagementer respektéiert, an also voll a ganz matt der AIEA kooperéiert.

Bis gëschter nach si virun allem zwee grouss Problemer matt den Iraner zu Wien diskutéiert ginn, an zwar den Uräicherungsniveau an d’Ophiewe vun den internationale Sanktiounen am Fall vun engem Accord. Mir hoffen dass elo, no der 14

Decisioun iwwert eng zweet Verlängerung, en Accord ka fonnt ginn bis den 30. Juni 2015.

75.Mir condamnéiere weider déi systematesch Veruechtung vun de Mënscherechter duerch den Teheraner Regime. Den Iran ass ee grousst Land matt enger Geschicht déi der Zivilisatioun immens vill Positives bruecht huet. Mir hoffen dass d’Land op dee Wee zréck fënnt. Et gëtt vill Potential fir d’Besserung vun eise bilaterale Relatiounen, en Accord iwwert den Atomdossier ass e wichtegt Element an deem Kontext.

76.Iwwert den iraneschen Dossier eraus bleift eist Zil, mëttelfristeg, en atomfräien Noen a Mëttleren Osten. Dat wier déi eenzeg Méiglechkeet, fir déi nuklear Oprëschtung ze stoppen, an déi regional Sécherheet a Stabilitéit ze garantéieren.

77.Wéi dir wësst, geet an e puer Wochen, no zeng Joer, déi grouss Missioun vun der NATO, d’ISAF, am Afghanistan op en Enn. De Moment ass komm, fir dass den Afghanistan selwer déi ganz Responsabilitéit fir seng Sécherheet dréit. Dat heescht awer net, dass d’international Gemeinschaft dem Afghanistan de Réck kéiert – au Contraire. D’Nofolger-Missioun huet als Mandat, d’afghanesch Autoritéite a Sécherheetsfroen ze begleeden an ze beroden. Lëtzebuerg wäert an deem Kader een Démineur matt de Belsch op Mazar-e-Sharif, am Norde vum Afghanistan, détachéieren. Ufanks Dezember wäerte mir op der Afghanistan Konferenz vu London dann och der neier Regierung vum President Ghani eis Ënnerstëtzung bestätege fir d’Land opzebauen an de Rechtstaat ze stäerken.

78.Afrika ass e Kontinent, matt deem Lëtzebuerg och weiderhin seng Relatiounen ausbauen a verstäerke wëllt. Eis Coopératioun huet iwwer laang Joeren enk Kontakter matt enger Rei afrikanesche Länner kënnen opbauen. Mä eis Präsenz geet doriwwer eraus. Matt eisen Ambassaden um Cap-Vert, am Senegal, am Burkina Faso an an Äthiopien hu mir eis d'Mëttel ginn, fir laangfristeg kënnen eis Partnerschaft weider ze entwéckelen, och um politeschen a wirtschaftleche Plang.

79.Addis Abeba, Sëtz vun der afrikanescher Unioun, huet sech zu enger vun de groussen diplomateschen Dréischeiwen op der Welt entwéckelt. Och dëst an d’lescht Joer war ech um Sommet vun der afrikanescher Unioun. Et goung drëm, eis Ënnerstëtzung ze markéiere fir e Kontinent, deen Efforte mécht, seng Problemer selwer unzepaken. Am Kader vun eisem Mandat am Sécherheetsrot hu mir aus eisem Partenariat matt Afrika eng Prioritéit gemaach.

80.Deeler vun Afrika erliewen e wirtschaftlechen Opschwong, an de Kontinent bidd hautdesdaags fir vill Investisseuren nei Perspektiven, déi et ze exploréiere gëllt. Verschidde Länner wéi Angola oder d’Côte d’Ivoire haten d’lescht Joer iwwer 8% Wuesstem – Chiffren, déi mir eis an Europa net méi kënne virstellen. Afrika huet eng jonk an dynamesch Populatioun, en immense Réservoir u produktive Kräften. Och Lëtzebuerger Entreprisen hunn dës Stäerkten erkannt an eng Rei hunn an der Tëschenzäit um afrikanesche Kontinent Fouss gefaasst, zum Beispill am Beräich vum Stol, vun de Satelliten, vun den Telekommunikatiounen a vum Loft-Cargo.

81.Op internationalem Niveau ass de Kontakt matt Afrika ëmmer méi gefrot. Mir stelle fest, dass grouss Länner sech matt wichtegen Evenementer géigesäiteg iwwertrompen fir sech Afloss, Ressourcen a Mäert op deem Kontinent ze sécheren. D’EU fir hiren Deel huet eng zolitt Partnerschaft matt Afrika an hat dëst Joer dee véierten EU-Afrika Sommet zu Bréissel. D’Echangen, déi mir do haten iwwert d’Sécherheet, d’Entwécklung an eis gemeinsam Wäerter, waren net ëmmer einfach. Mä de Fait, dass mir en oppenen Dialog op Aenhéicht kënne féieren beweist, dass eis Relatioune gefestegt sinn.

82.Mir vergiessen allze oft, wéi no Afrika an Europa sech sinn: geographesch, historesch, kulturell a wirtschaftlech. Europa ass dee gréisste Marché fir afrikanesch Produkter, an trotz der Kris sinn d’Echangen tëschent der EU an Afrika an deene leschte 7 Joer em 45% geklommen. Matt der Conclusioun vun den Accords de partenariat économique, elo rezent zum Beispill matt Ostafrika a Westafrika, si mir amgaang eis d’Mëttelen ze ginn, en neit Kapitel an eisen Handelsbezéiungen opzeschloen. Op där anerer Säit belaaschten organiséiert Kriminalitéit, Terrorismus oder Piraterei, déi keng geographesch Grenzen kennen, eisen Handel. Fir déi Phänomener Meeschter ze ginn musse mir eis d’Handwierksgeschir ginn fir eis Efforten kënne mateneen ze verbannen.

83.D’Europäesch Unioun ass sech och bewosst, dass d’Onsécherheet an Afrika Implikatioune fir hir eege Sécherheet huet, a probéiert dofir, den afrikanesche Partner och an deem Beräich ze hëllefen. D’EU huet de Moment 9 zivil a militäresch Missiounen an Afrika geschéckt. Och Lëtzebuerg leescht hei säi Bäitrag: Am Sahel mécht eis Arméi matt bei der Formatiouns-Missioun EUTM Mali, déi d’malesch Arméi trainéiert. D’lescht Woch ass ee Lëtzebuerger Polizist an der EU hir zivil Missioun EUCAP Sahel Mali gaangen. Am Niger ënnerstëtzt Lëtzebuerg d’Formatiounsmissioun EUCAP Sahel Niger, finanziell an duerch den Détachement vun engem Member vun der Police. An der Demokratescher Republik Kongo ass e Lëtzebuerger Chef vun der Missioun EUSEC. Bis viru kuerzem ware mir och engagéiert an der Corne vun Afrika, besonnesch am Kampf géint d’Piraterei.

84.Afrika an Europa sinn och um mënschlechen Niveau enk matenee verbonnen. Fir vill Afrikaner, déi an hirer Heemecht verfollegt, diskriminéiert oder ouni Perspektive sinn, ass Europa nach ëmmer en Dramzil. Déi Leit huelen oft onwahrscheinlech Schikanen a Risiken op sech. Eng 3.000 Mënschen sinn dëst Joer schon am Mëttelmier em d’Liewe komm.

85.Och wa mir eis ëmmer erem eens sinn, dass Europa an Afrika déi selwecht universell Wäerter vu Gläichheet, Solidaritéit, Mënschewürd an dem Respekt vun de Mënscherechter deelen, gëtt et awer nach Sujeten, op deenen den Dialog tëschent eisen zwee Kontinenter schwiereg ass. Ech si schockéiert, dass verschidden afrikanesch Partner den internationale Strofgeriichtshaff als eng Ariichtung ugesinn, an där den Norde wéilt iwwer de Süde Geriicht halen. Dat ass falsch. D’Cour pénale internationale zu den Haag huet als Zil, Gerechtegkeet fir d’Affer vu Krichsverbriechen a Verbrieche géint d’Mënschlechkeet hirzestellen, egal wou se geschéien. Si schafft och am Déngscht vun Afrika, an d’afrikanesch Länner sinn de gréisste Grupp vun hire Memberen. Et ass evident, dass och Staatscheffen, aus Afrika a vu soss enzwousch, sech musse virun der CPI veräntwerten, wann si am Verdacht stinn, fir Verbrieche vun der schlëmmster Zort responsabel ze sinn. Impunitéit fir esou uerg Verbriechen hëllt de Leit all Hoffnung op Réconciliatioun, demokratesch Entwécklung a Rechtsstaatlechkeet, an domatt all Vertrauen an d‘Zukunft.

86.Mir mussen iwwert de Cliché vun Aarmutt a Misär ewech kucken. Gläichzäiteg bleiwen awer vill Leit an Afrika an extremer Aarmutt, an d’Verdeelung vum Räichtum op ville Plazen gëtt ëmmer méi onéquitabel. An enger Welt, an där d’Ressourcen duerch de Klimawandel an de Bevëlkerungswuesstem ëmmer méi knapps ginn, féieren esou Ongläichgewiichter onweigerlech zu Konflikter.

87.Mir kënnen eis Aen och net virun der Gewalt verschléissen, déi iwwert déi 2 lescht Joren an Afrika ausgebrach ass. Mir hunn déi Entwécklungen am Sécherheetsrot vu ganz Noem verfollegt an eise Bäitrag zu den Efforte geleescht, fir d’Stabilitéit an d’Rechtsstaatlechkeet erëm hirzestellen.

88.De Süd-Sudan war 2011 no joerzéngtelaangem, bluddege Krich onofhängeg ginn. Et huet allerdéngs, trotz allen internationale Efforten, keng 3 Joer gedauert, bis dass nees Krich ausgebrach ass. Dës Kéier ass et keen Opstand vun enger diskriminéierter Populatioun, kee Konflikt fir Land, Liewensmëttel oder Mattbestëmmung. Neen, et ass eng vu Mënsche gemaachte Kris, verschëldt duerch zwee Politiker, de President a säi fréiere Vize-President, deenen hir Muecht an d’Rivalitéit un der Spëtzt vum Land méi wichteg sinn wéi d’Wuel vun hirer ganzer Bevëlkerung. Dausende Mënschen hunn hiert Liewe verluer, bal 2 Milliounen hiert Doheem, a Verbrieche si systematesch un Ziviliste begaange ginn, och op Basis vun hirer Ethnie.

89.Lëtzebuerg schafft am Sécherheetsrot matt un den Efforten, déi Kris ze léisen, an ënnerstëtzt d’IGAD, déi responsabel regional Organisatioun, fir dass déi Responsabel vum Konflikt endlech d’Waffe roue loossen an sech matt éierlechen Absichten un de Verhandlungsdësch setzen. Si sinn hirem Vollek dat schëlleg.

90.Lëtzebuerg huet ganz speziell den Impakt vun enger anerer Kris gespuert, vun där an eisem Partnerland Mali. Och hei hu mir all Mëttel agesat, um Niveau vun der Coopératioun an der humanitärer Hëllef, an der EU an am Sécherheetsrot, fir dass de Mali de Wee zréck an d’Stabilitéit fënnt. Zesumme mam Mali ware mir houfreg, wéi d’Land, eppes méi ewéi en halleft Joer no der Interventioun vun der internationaler Gemeinschaft op d’Demande vum Land, gerecht a friddlech Wahlen ofgehalen huet. D’Land huet sech eng Regierung ginn, déi mam Usproch ugetrueden as, d’Feeler vun der Vergangenheet net ze widderhuelen. Lo musse mir hinnen hëllefen, sech och dorunner ze halen.

91.Ech begréissen et, dass d’Parteien, Regierung a Rebellegruppen aus dem Norden, sech zu Alger fonnt hun, fir do zesummen iwwert de Fridden ze verhandelen. E Fridden deen net soll, ewéi fréier esou oft, op engem Kouhandel tëschent Elitë berouen. Mä e Fridden, deen déi fundamental Problemer upaakt, déi zu dëser Kris gefouert hunn: Aarmutt, Ongläichheet, Isolatioun a Mësswirtschaft. Dës Problemer léisen séch net matt enger Ënnerschreft. Och hei ass d’Rechtstaatlechkeet e Schlësselelement.

92.Och an der Zentralafrikanescher Republik hu Joerzéngte vu Muechtwiessel duerch Gewalt, hallefhäerzegen oder guer net respektéierte Friddensaccordën, Korruptioun a politescher a wirtschaftlecher Vernoléissegung zu engem neie Konflikt gefouert. D'RCA ass an der Barbarei an am Chaos ënnergaangen. Duerch d’Manipulatioun vu reliéisen Ënnerscheeder si verschidden Deeler vun der Gesellschaft esou géinteneen opgestëppelt gin, dass d’Land riskéiert, iwwer Jorzéngten ënnert dëse Wonnen ze leiden. D’Institutioune vum Land, déi vun Ufank un net staark waren, sinn an Zäit vun e puer Woche komplett zesumme gebrach. Trotz de massiven Efforten vun der afrikanescher MISCA Missioun, de franséischen Truppen, der europäescher EUFOR-Operatioun an zanter September der Missioun vun de, UNO, der MINUSCA, stelle mir fest, dass d’Sécherheetssituatioun nach ëmmer prekär ass.

93.Lëtzebuerg ënnerstëtzt dofir d’Transitiounsautoritéite vum Land an hiren Efforten, matt demokratesche Mëttelen nees Uerdnung ze schafen. Et ass elo un deene verschiddenen Acteuren, en Dialog ze lancéieren fir endlech erëm op de Wee vum Fridden zréck ze fannen.

94.Ech wëll hei och ee Moment op d’Situatioun vun der Ebola-Epidemie an der Guinée, am Liberia, an der Sierra Leone, an elo zënter kuerzem och am Mali, agoen. Et ass tragesch, dass dës Länner, déi grad um Wee ware fir erëm op d’ Been ze kommen, no laanger Onstabilitéit, elo géint Ebola mussen ukämpfen.

95.Trotz hirem remarkabele Courage hunn dës Länner net déi institutionell Kraaft, fir esou eng Ausnahmesituatioun eleng ze meeschteren. Ech hunn déiwste Respekt fir déi selbstlos an heroesch Aarbecht vun nationalen an internationalen Hëllefsorganisatiounen a vun deene ville Volontairen. Mir mussen eis agestoen, dass déi international Communautéit ze spéit d’Ausmooss vun dëser Epidemie realiséiert huet an sech ze laang matt hirer eegener Ofsécherung beschäftegt huet. Mir mussen d’Krankheet isoléieren, net d’Mënschen. Lëtzebuerg hëllt, dir hutt et déi lescht Woche gesinn, seng Responsabilitéiten. Mir stelle ganz geschwënn, an Zesummenaarbecht matt der Air Rescue, medezinesch Evakuatioun zur Verfügung, fir betraffent Hëllefspersonal auszefléien.

96.Afrika brauch keng staark Cheffen, mä staark Institutiounen, grad wéi iwwregens och Europa. Vill Länner hunn dësen Défi ugeholl a gepackt. Méi Afrikaner wéi jeemools virdrun liewen haut a Länner matt etabléierten demokratesche Strukturen. Dëst an d’nächst Joer sinn eng 500 Milliounen Afrikaner opgeruff an engem vun 18 Länner wielen ze goen.

97.Wahlen eleng maachen allerdéngs nach keng Demokratie aus. De Respekt vun der Rechtstaatlechkeet ass e Schlëssel-Element fir d’Stabiliséiere vun demokratesche Strukturen a fir eng gläichberechtegt Participatioun vun de Bierger un de Ressourcen an der Produktivitéit vun hire Länner. An Afrika kënnen haut net einfach esou méi d’Regelen, déi d’ Länner sech als Gesellschaft ginn hunn - hir Constitutiounen - ignoréiert ginn. Allerdéngs ass op enger Partie Plazen d’Versuchung nach ëmmer grouss, d’Spillreegelen ze béien, zum Virdeel vun de politesche Cheffen. Oft gëtt d’Argument vun der Stabilitéit zitéiert, déi anscheinend nëmme kéint garantéiert ginn duerch Kontinuitéit un der Spëtzt vum Staat. Dëst ass eng lackeleg Logik, mä Presidenten op Lieweszäit kënnen héchstens eng iwwerflächlech Sécherheet bréngen. De wierkleche Risiko fir Instabilitéit läit an de Frustratiounen an an de Grief déi an der Gesellschaft entstinn, wann eng Elite sech op onbegrenzten Zäit un der Muecht festhält an de Räichtum an e puer wéinegen Hänn konzentréiert ass. D’Situatioun am Burkina Faso sollt villen hei e Beispill sinn.

98.Nodeems ech iech vun souville bluddege Konflikter geschwat hunn, ass et eng Evidenz, wann ech iech soen, dass mir weiderhin eng Welt matt manner Waffen ustriewen. Mir bedeelegen eis aktiv un Initiativen fir Ofrüstung a Rüstungsbegrenzung. An dësem Beräich hale mir besonnesch op verbindlech, international Verträg, déi däitlech a kloer Kritèren festleeën an déi d’Staaten zu konkreten Ziler engagéieren.

99.An dësem Zesummenhank ass eng ganz wichteg Etapp dëse Chrëschtdag, wann en neie Vertrag – de Waffenhandelsvertrag oder Arms Trade Treaty, ofgekierzt ATT - a Kraaft trëtt, dee verhënnere soll, dass de Waffenhandel an instabil Regiounen weider zouhëllt. Dëse Vertrag ass e remarkabele Fortschrëtt fir d’internationalt Recht. Den ATT fixéiert gemeinsam Normen fir den internationalen Import, Export an Transfert vu konventionelle Waffen a Munitioun, a soll een universellt Instrument ginn. Duerfir hofft Lëtzebuerg dass méiglechst séier méiglechst vill Staaten – an dorënner natiirlech och déi grouss Waffeproduzenten – dësen Traité ënnerschreiwen a ratifizéieren. Dës Chamber huet den ATT am Juni ratifizéiert, sou wéi bis elo nach 53 aner Staaten. 122 Staaten hunn de Vertrag bis haut ënnerschriwwen. Mir sinn also um gudde Wee!

100. Mir setzen eis och weider energesch fir déi global Ofrüstung vun Atomwaffen an. Et mussen nach vill Widderstänn iwwerwonne ginn, mä trotzdem wäert dës Lëtzebuerger Regierung hiren Usproch op eng Welt ouni Atomwaffen – en Usproch, dee se matt der Chamber an der Bevëlkerung deelt – net opginn.

101. Och un eisem Engagement géint Streebommen a Landminnen ännert sech näischt. An dëse Beräicher huet Lëtzebuerg eng exemplaresch national Gesetzgebung, an Experte bei eiser Arméi, déi zum Beispill regelméisseg am Libanon aktiv waren. Mir wäerten och an Zukunft konsequent weider Projete fir Minnen ze raume finanzéieren.

102. An der aktueller, onroueger Situatioun rondrëm d’Welt kënne mir eis glécklech schätzen, dass mir Grënnungsmember vun deene wichtegen internationalen Organisatioune sinn, wéi vun der UNO, der EU, der NATO, der OSZE oder dem Conseil de l’Europe, deene mir eise Fridden an eis Sécherheet verdanken, mä mir mussen och aktiv mattschaffen, fir dës Organisatiounen ze erhalen a weider ze entwéckelen. Et ass an den internationalen Organisatiounen wou mir eis Wäerter erëmfannen a wou mir d’Garantie kréien dass eis Souveränetéit an eis Rechter respektéiert ginn. Eis wichtegst europäesch Organisatioun ass selbstverständlech d’Europäesch Unioun.

103. An der Europäescher Unioun, déi mir elo scho 60 Joer aktiv konnte mattgestalten, kréie mir matt eiser Présidence am zweete Semester d’nächst Joer op en Neits d’Geleeënheet, e wichtege Bäitrag zur Integratioun ze leeschten.

104. D’Europawahle vum Mee 2014 hunn, a mengen Aen, e groussen Afloss, op déi weider Entwécklung vum institutionelle Kader vun der EU. Fir déi éischte Kéier sinn déi grouss politesch Familljen matt engem Spëtzekandidat ugetrueden an hunn domatt der Wahlcampagne e gewëssenen Driff ginn. Et ass kloer, dass dat neit Parlament e staarkt Parlament ass, matt enger gesonder Majoritéit, an dat domatt de Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker eng méi grouss demokratesch Legitimitéit huet wéi säi Virgänger.

105. Et ass dem Kommissiounspresident gelongen, eng staark Kommissioun op d‘Been ze setzen, eng Kommissioun déi zesummegesat ass aus ganz erfuerene Politiker, an eng Kommissioun matt enger neier Struktur a matt neien Aarbechtsmethoden, déi bereet ass nei Weeër ze goen, fir Europa dem Bierger erëm méi no ze bréngen.

106. Leschte Juni huet den Europäesche Rot eng strategesch Agenda adoptéiert matt fënnef grousse Prioritéite fir deen nächste legislativen Zykel. Dat sinn:

 

• méi robust Wirtschaften déi méi Aarbechtsplaze schafen ;

• e séchert Ëmfeld an deem all d’Bierger sech kënnen entfalen ;

• eng sécher Zukunft wat d’Energie an de Klima ugeet ;

• e Raum matt deene fundamentale Fräiheeten, dee Vertraue schaaft ;

• en effektivt gemeinsamt Handelen an der Welt.

107. D’Ziler aus der strategescher Agenda sinn och déi grouss Prioritéiten an Objektiver vun eiser Présidence d’nächst Joer.

108. Gesonde Wuesstem, Aarbecht a Kompetitivitéit, déi sozial Dimensioun grad wéi déi ecologesch, stinn als Ziler un éischter Stell. Dofir brauche mir eng staark EU matt engem Stabilitéitspakt dee kredibel muss bleiwen, mä wou mir déi Flexibilitéit déi de Pakt offréiert, op eng intelligent Manéier notze mussen. Mir brauchen Investitioune fir de Wuesstem ze stimuléieren a mir brauchen och strukturell Reformen, déi d’Kompetitivitéit vun eiser export-orientéierter Wirtschaft verbesseren. Dofir begréisse mir och hei zu Lëtzebuerg dem Jean-Claude Juncker seng Iddi fir 300 Milliarden Euro, aus privaten an ëffentleche Quellen, fir nei Investissementer iwwert déi nächst dräi Joer ze mobiliséieren. Ouni déi néideg Investitioune kënne mir och hei zu Lëtzebuerg net méi a besser Aarbechtsplaze schafen, déi mir haut onbedéngt brauchen. Mir brauchen en europäesche Bannemaart fir Produkter a Servicer, dee besser fonctionnéiert, a mir brauchen e besseren digitale Bannemaart an deem sech Lëtzebuerg matt sengem Savoir-faire a matt sengem Acquis ka positionéieren. D’Investitioune mussen also an Infrastrukture goen wéi Telekommunikatioun, wéi den Transport an d’Energie, Energieefficacitéit abegraff, wéi d’Innovatioun an d’Recherche an och a Beräicher wéi gréng an ëmweltfrëndlech Technologien.

109. De Kampf géint d‘Aarmutt an d’Exklusioun, an d‘Ustrengungen am Kampf géint d‘Jugendaarbechtslosegkeet musse verstäerkt ginn. Et kann net sinn, dass e groussen Deel vun eise jonke Leit an Europa ouni Perspektiv bleift an um Rand vun eiser Gesellschaft lieft.

110. D’Kris an der Ukraine huet méi wéi däitlech gemaach, dass mir d’Energieofhängegkeet vun der EU reduzéiere mussen. Mir mussen d’Disponibilitéit vu sécherer, nohalteger a finanziell erschwénglecher Energie kënne garantéieren. Mir brauchen och méi Energieefficacitéit, an, fir d’Energieofhängegkeet ze reduzéieren, Diversifikatioun a méi erneierbar Energien. An deem Kontext brauche mir, um Niveau vun der EU, déi néideg Infrastrukturen an eng besser Konnektivitéit.

111. Mä natierlech ass et net nëmme wéinst der Kris an der Ukraine, dass mir um Energieplang ëmdenke mussen. De Kampf géint déi global Äerderwäermung ass selbstverständlech och eng wichteg Prioritéit, am Hibléck op d’Klima-Konferenz, am Dezember 2015 zu Paräis, mä och doriwwer eraus. D’EU huet virun engem Mount grouss Ziler fir d’Joer 2030 festgehalen, Ziler déi fir munchen net éiergäizeg genuch sinn, an déi et gëllt, zu Paräis, ënnert eiser Présidence, ze verteidegen.

112. Eng méi enk Zesummenaarbecht am Kampf géint den Terrorismus a géint déi organiséiert Kriminalitéit, Cyber-Kriminalitéit a Korruptioun si grouss Prioritéiten, grad wéi de Respekt vun eise Wäerter a Grondrechter, dorënner och de Schutz vun de perséinlechen Daten. D‘Gestioun vun de Baussegrenzen vun der EU muss gestäerkt a moderniséiert ginn an d‘Zesummenarbecht matt den Drëttlänner muss onbedéngt verbessert ginn.

113. An Europa ass d’Wirtschaftskris net ganz eriwwer. Strukturell Reformen an d’Sanéierung vun de Staatsfinanze si wichteg Elementer, fir d’Bekämpfung vun der Kris a fir nohaltege Wuesstem. Länner wéi Irland, Portugal a Spuenien hunn an dësem Punkt grouss Efforte gemaach a konnten dëst Joer, deels virzäiteg an ouni Iwwergankshëllef, hire Rettungsprogramm verloossen. Fir déi national Reform- a Spuerefforten nach besser koordinéieren ze kënnen, ass dat Europäescht Semester am November 2013 duerch eng „Surveillance budgétaire“ verstäerkt ginn. Dës Moossnahm erméiglecht et, eventuell Verstéiss géint d’Maastrichtkritäre fréi ze erkennen an engem Desequiliber an de Staatsfinanzen entgéintzewierken. Nom Stabilitéitsmechanissem an dem Fiskalpakt gouf am leschte Joer déi europäesch Bankenunioun op de Wee bruecht. D’Weichen sinn deemno gestallt fir eng méi efficace Gestioun vun där europäescher Wirtschafts- a Währungsunioun, matt där mir an Zukunft Krise kënnen entgéintwierken.

114. D’EU, dat sinn Institutiounen, ee Parlament, eng Kommissioun, e Conseil, e Geriicht asw. D’EU sinn och Zifferen, Statistiken, Prozentsätz, Kritären, Wuesstem, Scholden, Defiziter, Profiter… Matt all deem gëtt an der EU Dag fir Dag hantéiert. Vergiesse mir dobäi net, dass d’EU eng Basis huet, an dat si 500 Millioune Mënschen, hir Populatiounen. 28 verschiddener. An dës Mënsche sollen un d’EU gleewen, d.h. un dat wat d’EU duerstellt, vu Fridden tout court bis zum soziale Fridde ganz allgemeng. Wuelstand, Sécherheet, Recht op Bildung, Respekt, Toleranz, Fräiheet. Vergiessen däerf een also net, dass Europa méi ass, wéi säi PIB oder säin RNB, méi ass wéi seng Balance des paiements, méi ass wéi seng Budgetsresultater. Duerfir, speziell an dëser méi onsécherer Zäit, brauch Europa vill Energie, vill Engagement a grad esou eng Determinatioun, wéi et amstand war opzebréngen, fir den Euro an d’Banken ze stabiliséieren, fir elo d’Plo vun der Aarbechtslosegkeet an der Prekaritéit ze meeschteren.

115. Reformen an der EU, an de Memberstaaten, sinn nëmme méiglech, wann de gesonde Wuesstem een Impuls kritt. Net wéinst dem Wuesstem, mä wéinst deem wat déi fatal Konsequenz vum Ofbau, op seng Mënsche bezunn, duerstellt. Reformen däerfen net weider matt Ofbau gläichgestallt bleiwen. Et geet heibäi em net méi, awer och net manner, wéi d’Iwwerliewe vun engem ëmmer méi no zesummewuessenden Europa fir déi kommend Generatiounen, an et geet em d’Iwwerzeegung, dass d’EU fäheg ass, eng Plus-value ze generéieren an den Ae vu senge Bierger. Wann déi Iwwerzeegung sech opléist, kréien all déi, déi d’EU am Kär ofleenen, vill Waasser op hir Millen gedriwwen. Dëst wier eng fatal Entwécklung fir d’Zukunft vun eis all, virun allem vun engem Land wéi Lëtzebuerg, fir dat Europa eng Existenzgarantie duerstellt.

116. Et ginn zur Zäit 6 Bäitrëttskandidaten: d’Tierkei, Serbien, Montenegro, d’fréier jugoslawesch Republik Mazedonien, Albanien an Island. D’Bäitrëttsverhandlunge ginn am Moment awer just matt dräi vun deene Länner gefouert, matt Serbien, Montenegro an der Tierkei.

117. D’Verhandlunge sinn e laangwierege Prozess, dee vill Engagement vu béide Säite verlaangt, mä et ass evident, dass d’Erweiderungspolitik e staarke Magnéit fir eis Nopere bleift, an dat bescht Instrument, wat d’EU huet, fir déifgräifend an dauerhaft Verännerungen an deenen Länner ze bewierken. De Succès vum kroatesche Bäitrëtt d’lescht Joer an di rapid Fortschrëtter an eisen Diskussioune mam Montenegro sinn e klore Beweis dofir.

118. D’Erweiderungspolitik ass en Instrument, bei deem béid Säiten zu hirem Notze kommen. Duerch déi strikt Viraussetzungen, déi d’Bäitrëttslänner mussen erfëllen, an doduerch, dass se all weiderhin no hiren eegene Mériten evaluéiert ginn, mécht de Bäitrettsprozess eise Kontinent méi demokratesch, méi friddlech, an an allen Hisiichte méi staark. Lëtzebuerg huet sech ëmmer dezisiv fir d’Erweiderungspolitik agesat a mir wäerten eis och weiderhin fir déi Politik staark maachen. Natierlech muss och all Kandidat säin Deel erfëllen.

119. Déi Iddi, dass et déi nächst 5 Joer en Erweiderungs-Stopp soll ginn, gouf intensiv kommentéiert an interpretéiert. Et gouf gesot, dat wär en negativt Signal fir d’Bäitretts-Länner. Verschiddener hunn souguer gemengt, dass di ganz Bäitrëtts-Politik lo géif op Äis geluecht ginn. Deem däerf net esou sinn. Och wa mir héchstwahrscheinlech an deenen nächste Joeren zu 28 bleiwe wäerten, ginn d’Bäitrëttsverhandlungen awer weider. Mir hunn eng historesch Responsabilitéit, eisem Verspriechen, de Balkan an eis Gemeinschaft opzehuelen, nozekommen. D’Stabilitéit vum Balkan ass an deem Sënn kruzial – a wéi d’Kricher aus den 90er Joren dramatesch bewisen hunn, däerfe mir ni dovun ausgoen, dass d’Situatioun net kéint kippen. Europa als Friddenprojet däerf hei net lappen.

120. Wat d’Tierkei ugeet, hunn déi beonrouegend rezent Entwécklungen a Saache Medien- a Justizfräiheet mech iwwerzeegt, dass et wichteg wier, lo d’Kapitelen zu de Froe vu fundamentale Rechter a Justiz opzemaachen (Kapitelen 23 a 24). Ech si frou, dass d’Verhandlungen de leschten November rëm konnten ulafen – no engem Stopp vun dräi Joer. De leschte Freiden, bei der Visite vum tierkeschen EU-Minister, konnte mir och iwwert d’Komplexitéit vun der Tierkei a Saachen Aussepolitik schwätzen.

121. D’Noperschaftspolitik vun der Unioun, déi keng Erweiderungspolitik ass, huet als Zil, eis Bezéiunge matt eisen Noperen am Osten an am Süde méi enk ze maachen a si baséiert op Instrumenter, déi eis Partnerlänner ënnerstëtzen an hire Beméiungen, eng stabil Demokratie a Maartwirtschaft opzebauen an ze entwéckelen.

122. Déi Ëstlech Partnerschaft betrëfft Armenien, Aserbaidschan, Wäissrussland, Georgien, Moldawien an d‘Ukraine. De 27. Juni sinn Associatiounsaccorde matt Georgien, Moldawien an der Ukraine ënnerschriwwen ginn. Déi Accorde fuerderen eis Partnerlänner op, Reformen duerchzeféieren, fir méi no un den Acquis communautaire ze kommen. D’Accorde couvréieren déi Domäner, an deenen d’Unioun an d’Partnerlänner en Interêt hunn, fir zesummen ze schaffen. Abegraff sinn zum Beispill Energie, Transport, Ëmweltschutz, Industrie, Mëttelstand an Educatioun.

123. Wéi dir wësst, hu mir dës Accorden an enger schwiereger Situatioun ënnerschriwwen. Et ass dofir ganz wichteg, dass mir zu Lëtzebuerg der Ratifizéierung vu deenen dräi Accorde Prioritéit ginn. Wichteg och, dass den Accord matt der Ukraine sech un d’Decisioune vum September 2014 wat Russland ugeet hält, an dass also de Fräihandelsaccord matt der Ukraine bis Enn 2015 suspendéiert bleift.

124. Eis südlech Noperschaft ass duerch d’arabescht Fréijoer méi komplizéiert ginn, mä si fonktionnéiert nach ëmmer ganz gutt matt Marokko, Tunesien a Jordanien.

125. Als klengt Land ass een oft vun Evenementer betraff, op déi ee keen oder nëmme wéineg Afloss huet. D‘Finanzkris huet eis drun erënnert, wéi staark Lëtzebuerg de Schwankunge vun der internationaler Wirtschaft ausgeliwwert ass. An enger Welt déi ëmmer méi vernetzt ass, hu mir e groussen Intérêt, eis ëmmer weider opzemaachen, fir nei Handels- an Investitiounsméiglechkeeten ze fannen.

126. An den internationale Statistike steet Lëtzebuerg gutt do: Am Beräich vum internationalen Handel si mir, no Singapur an Hong Kong, dat drëtt oppenst Land vun der Welt matt wäit iwwer 80% vu Gidder an Déngschtleeschtungen, déi exportéiert ginn. Eise Kompetitivitéitsniveau huet sech esouguer em dräi Plaze verbessert a mir sinn am Top 20 ukomm. An all eis innepolitesch Ustrengunge mussen an d’Richtung goen, dëse Ranking ze confirméieren, well deen eis d‘Duerchschlaagskraaft gëtt, fir eis sozial-politesch an ecologesch Standarden op héigem Niveau ze halen.

127. D‘Fräihandelsofkommen tëschent der EU an den USA, Kanada a Korea sinn dofir fir Lëtzebuerg och eng logesch Konsequenz vun enger Politik déi oppen ass an op Globaliséierung setzt.

128. Duerch den technologesche Fortschrëtt, déi kuerz Weeër déi den Internet an d‘Transportinfrastrukturen eis bidden, ass et méiglech, fir Wueren a Servicer op der ganzer Welt ze echangéieren. Lëtzebuerg huet an enger globaliséierter Welt besonnesch am Beräich vun de Finanzen, mee och vun der Logistik, der Kommunikatioun, dem ICT an de Biotechnologien seng Roll ze spillen.

129. Mä et ass net nëmme wichteg, kompetitiv ze bleiwen. Et ass och wichteg derfir ze suergen, dass an eisem direkten an indirekten Ëmfeld déi wirtschaftlech a sozial Indicateuren op e gesonde Stand kommen a bleiwen.

130. Dat ass besonnesch wichteg um globale Plang. Wirtschaft eleng geet natierlech net duer: Sozialpolitiken, Educatioun, Aarbecht, Infrastrukturen an Telekommunikatiounsméiglechkeete si wichteg Vecteure fir eng gesond, demokratesch a solidaresch Entwécklung vum Welthandel. Do dréit Lëtzebuerg och säin Deel derzou bäi, a Form vun Entwécklungshëllef an a Form vu politeschem Engagement, zum Beispill fir héich verbindlech Klima-Ziler oder fir fair an equitabel Handelsaccorden.

131. Historesch gesinn ass d‘Handelspolitik eent vun de wichtegsten Elementer vum wirtschaftleche Succès an Europa. Nach ass d'Europäesch Unioun déi gréisste Wirtschafts- an Handelsmuecht op der Welt. Wa mir déi Positioun an enger kompetitiver Welt, déi sech stänneg a rapid verännert, wëllen halen, da musse mir eis fir eng aktiv Handelspolitik asetzen, déi eis Standarden a Wäerter verdeedegt an sech dobäi och fir en nohaltege Wuesstem asetzt.

132. Lëtzebuerg bleift e Verfechter vu multilaterale Léisungen am Kader vun der Welthandelsorganisatioun an ënnerstëtzt déi verschidden Initiative fir Verhandlungen am Kader vun der Doha Entwécklungsagenda ze redynamiséieren. De politeschen Accord iwwert Handelserliichterunge fir déi am mannsten entwéckelt Länner, deen am Kader vun der Ministerielle zu Bali vum Dezember 2013 fonnt gouf, konnt elo duerch e Kompromëss tëschent den USA an Indien gerett gin. Ech begréissen dës Entwécklung ausdrécklech well dësen Accord zu enger besserer Integratioun vun den am mannsten entwéckelte Länner an de Welthandel bäidréit – duerch en Ausbau vun der technescher Kooperatioun matt an der finanzieller Ënnerstëtzung vun den industrialiséierte Länner. Während der nächster Ministerielle vun der OMC am Dezember 2015 wäerte mir eis weider asetzen fir e fairen an nohaltegen Welthandelssystem.

133. Well mir awer multilateral net gut genuch virukommen, schléissen sech ëmmer méi Länner aus der OMC zesumme fir plurilateral Accorden ze negociéieren – wéi am Fall vun de grénge Gidder oder am Déngschtleeschtungsberäich : dës Accorde sinn oppen an si erlaben all OMC-Member, sech zu all Moment, unzeschléissen. E Wuert zum TISA, dem Trade in Services Agreement : d’Haaptzil vun dësem Accord, deen d‘EU zesumme matt 22 anere Länner – dorënner d’USA, Japan, Mexiko, Costa Rica, Kolumbien, Peru, Island, Pakistan, d’Schwäiz oder d’Tierkei - zu Genève verhandelt, ass et, déi aktuell Ëffnung vun de Servicer an deene verschiddene Länner bäizehalen, op deem Niveau wou se elo stinn, an notamment a Länner déi méi zou ewéi d’EU sinn. Et geet also net drëm, d’Servicer weider ze liberaliséieren, mä e bessere Kader fir de Commerce vun de Servicer ze schafen. Den TISA huet näischt matt eise bilateralen Accorden direkt ze dinn, well den Ambitiounsniveau vill méi déif ugesat ass. Mir erfannen d’Rad net nei, mä baséieren eis do op de GATS, den General Agreement on Trade in Services vun 1994 a par rapport zu deem sech fir eist Land och näischt verännert. D’Déngschtleeschtunge maache 75% vum PIB a vum Emploi an Europa aus. Zu Lëtzebuerg sinn souguer 78,9% an deem Secteur beschäftegt an si liewen haaptsächlech vum Export vun dëse Servicer an d’Ausland, duerfir ass et fir ons wichteg dass iwwert den TISA eis Exportfähegkeet verstäerkt gëtt. Dat gëllt fir eis Dragage-Industrie, eis nei Technologien, de Beräich vun de Satelliten oder den erneierbaren Energien, wou och Lëtzebuerger Akteuren sech ëmmer méi am Ausland positionnéieren. Dës Promotioun vu gréisstendeels neien an innovativen Technologien erlaabt der Lëtzebuerger Economie sech ze diversifizéieren an nei Mäert ze erschléissen während Drëttlänner vun eiser Expertise an eisem Know-how kënne profitéieren, fir sech weider ze entwéckelen. Domadder fërdere mir de Wuesstem souwuel bei eis wéi an eisen Exportlänner. Eisen Acquis, wei z.B. ons ëffentlech Déngschtleeschtungen, Standarden an Normen, eisen Dateschutz oder eise Konsumenteschutz, ginn dobäi a kengem Fall a Fro gestallt, mä bleiwen duerch international akzeptéiert Accorde geschützt a ginn souguer gestäerkt. Domadder gewannen eis Opérateuren och u Kompetitivitéit, well d’Betriber aus Drëttlänner sech eisen dacks méi héige Standarde mussen upassen. D’EU-Texter sinn iwwregens all um Site vun der DG Commerce ze konsultéieren. All Bierger kann sech domadder selwer e Bild maache vun deem, wat mir als Europäer fir Engagementer wäerten huelen. Ausserdem gi souwuel d’Member-Staaten wéi d’Europäescht Parlament an d’Zivilgesellschaft regelméisseg iwwert d’Diskussiounen zu Genève informéiert a consultéiert.

134. Um europäesche Plang si mir d’lescht Joer an deem Beräich vill virukomm, zum Beispill an de Verhandlunge en Vue vun engem Investitiounsschutz-Ofkommes matt China oder Fräihandelsofkommen matt Vietnam a Japan. Mir hunn Accords de partenariat économique matt der Südafrikanescher Regioun (SADC), matt West Afrika a kierzlech och matt Ostafrika ofgeschloss. Matt dësen Ofkommes kann d’EU dëse Länner weider e privilegéierten Zougank zum EU Marché bidden. Ech well och hei ënnersträichen dass d’EU a virun allem Lëtzebuerg sech an all hiren Accorden fir de Respekt vun de Mënscherechter an der nohalteger Entwécklung asetzt.

135. Et sinn awer virun allem d’Ofkommen matt Kanada an den USA déi déi gréisste Resonanz an der Ëffentlechkeet kruten. De 26. September goufen d‘Verhandlunge matt Kanada, no bal siwe Joer, offiziell ofgeschloss. De “Comprehsive Economic and Trade Agreement”, och CETA genannt, ass bis dato dat ëmfangräichst Ofkommes dat d’EU jee matt engem Drëttstaat verhandelt huet. Dëst wäert eisen Opérateuren e gréisseren Zougang zum kanadesche Maart ginn. Parallel wäerten d’kanadesch Investititiounen an der EU staark zouhuelen an dëst wäert Lëtzebuerg ganz sécher och ze gutt kommen. Obschon d’Verhandlunge matt Kanada ofgeschloss sinn, ass et esou dass d‘Ofkommes nach net paraphéiert ass a mir waarden elo op déi nächst Schrëtt vun der Kommissioun.

136. De sougenannten TTIP, d’Fräihandelsofkommes matt den USA, ass ëmstridden, mir wëssen et. Den TTIP kéint e Wendepunkt an enger Globaliséierung duerstellen vun där een dacks den Androck huet, dass se ouni Reegelen a Kontroll iwwert d’Bühn geet. Den TTIP kéint fir d’EU eng Geleeënheet sinn, nei Impulser fir eis Wirtschaft an eisen Aarbechtsmaart ze schafen a wichtege Beräicher wéi de Services maritimes, d’Automobilindustrie oder och hei den neien Technologien, déi esou méi einfach op den US-Maart kéinte kommen. Lëtzebuerg géif och als Logistik-Standuert méi staart ginn. Vill nei amerikanesch Betriber kéinten sech bei ons nidderloossen fir hei hiren europäesche Sëtz ze etabléieren, an déi, déi schon hei sinn, géifen hir Aktivitéiten ausbauen. Momentan schaffe bei eis iwwer 10.000 Leit direkt an amerikanesche Filialen. Dobäi kënnt, dass den TTIP eis et erméiglecht, zesumme matt den USA gemeinsam Reegele festzeleeën, déi duerno als Basis fir weltwäit Standarden déngen kéinten. Nëmmen zesummen kënne mir sou ons demokratesch Normen a Valeuren weltwäit och besser verdeedegen.

137. Bis elo gouf den TTIP vu ville Säite kritiséiert. Dofir wëll ech och nach eng Kéier widderhuelen dass Lëtzebuerg, zesummen matt der EU, zu kengem Moment bereet wäert sinn, fir eis europäesch Standarden ofzeschwächen oder eise politeschen Acquis op d’Spill ze setzen. Mir schwätzen an deem Accord z.B. net iwwert eis ëffentlech Déngschtleeschtungen, eis exception culturelle oder OGMen: eis Gesetzgebung bleift wéi se ass. Dat huet déi nei europäesch Kommissärin nach eng Kéier den 21. November op engem Ministeschrot ganz däitlech ënnerstrach. Och wat déi ëmstridde Schiedsgeriichter betrëfft, sou deelt Lëtzebuerg d’Positioun vun der neier EU Kommissioun, laut där eng clause d’arbitrage d’Juridictioun vun eisen nationale Geriichter net limitéieren dierft a konform mam principe d’égalité misst sinn. Ech hunn der Kommissioun och en deementspriechende Bréif geschriwwen a ginn och op d’Ängschte vun de Bierger dobaussen an. Mir wëlle keen TTIP “à tout prix”, mä mir sollten eis bewosst sinn, dass mir matt engem gudden TTIP d’Globaliséierungreegele vun den nächste Joerzéngte mattbestëmme kéinten, amplaz se vun aneren diktéiert ze kréien. Fir Lëtzebuerg wäert an dësem Fall souwisou d’Chamber dat lescht Wuert hunn. Ech wëll op dëser Plaz och nach eng Kéier ënnersträichen, dass eis Experten all Moment bereet sinn, op Ufro vun der zoustänneger Chamberskommissioun, iech iwwert de leschte Stand vun all dësen Handelsaccorden ze informéieren.

138. Zanter de Foffzeger Joeren ass eng aktiv Sëtzpolitik eng vun de Konstante vun eiser Aussepolitik. Eist Land kritt esou eng gréisser Visibilitéit a méi Prestige um internationale Plang. Vun engem wirtschaftlechen, sozialen a kulturelle Standpunkt ass d’Präsenz vun den europäeschen an internationalen Institutioune matt hire bal 12.000 Beamten an hire Familljen ee wichtegt Element fir eist Land. Mir setzen alles drun, fir den Europa-Fonctionnairen déi beschtméiglech Aarbechts- a Liewensbedingunge bei eis ze garantéieren.

139. Wat déi nei Bauprojete betrëfft, wëll ech zwee gréisser Projeten ervirsträichen: dat neit Gebai fir d’Europäescht Parlament, de Konrad Adenauer 2, dat all d’Servicer vum Parlament wäert ënnert een Daach bréngen, an de Jean Monnet 2, fir d’Beamte vun der Europäescher Kommissioun.

140. De Chantier fir de Konrad Adenauer 2 konnt a gudde Konditiounen ufänken an eis Zesummenaarbecht mam Parlament leeft do och beschtens. Wat de Jean Monnet 2 betrëfft, si mir nach an der Planungsphas. D’Kommissioun huet an der Tëschenzäit decidéiert de Jean Monnet 1 ze verloossen wéinst der Präsenz vun Asbest am Gebai, dëst, obwuel d’Etuden an d’Miessunge bestätegen, dass keen inakzeptabele Risiko fir d‘Beamte besteet. Mir hunn decidéiert, der Kommissioun bei der Sich vun neie Gebaier behëlleflech ze sinn. Et ass een Aarbechtsgrupp agesat ginn, ënnert der Féierung vun der Kommissärin Kristalina Georgieva a mir, fir de Suivi vun dësem Dossier ze steieren. Ech stinn der Chamber selbstverständlech zur Verfügung soubal sech Konkretes erausschielt.

141. No laangen a schwéiere Verhandlungen hu mir et fäerdeg bruecht, och de Sëtz vun der Cour d’Appel vun der neier Juridiction unifiée vum Brevet heihin op Lëtzebuerg ze kréien. D’Planungsaarbechte sinn amgaangen, a mir erwaarden eis dass dës nei Juridictioun Enn 2015 oder Ufank 2016 soll opgoen.

142. Wéi am Regierungsprogramm festgehal, huet den Ausseministär méi eng grouss Roll kritt, wat d‘„Diplomatie économique“ ubelaangt, fir also engersäits eis Entreprisen ze begleeden, nei Mäert am Ausland ze erschléissen, an anerersäits och nei Investissementer vun auslänneschen Investisseuren op Lëtzebuerg ze zéien. An enker Zesummenaarbecht matt deenen anere Ministären, den Entreprisen, der Chambre de Commerce, "Luxembourg for Finance" a "Luxembourg for Business", hu mir eis Ambassade matt der Koordinatioun vun der Promotioun vun eiser Economie beoptraagt.

143. Eng lokal Präsenz erméiglecht méi efficace Kontakter opzebauen a Relatiounen ze ënnerhale matt Entreprisen, den Autoritéiten an der lokaler Wirtschaftspress fir Lëtzebuerg méi bekannt ze maachen. Eis Ambassade sur place kënnen awer och de Lëtzebuerger Entreprisen hëllefen, fir méi liicht am Ausland Fouss ze faassen.

144. Erlaabt mir als Beispill hei op d’Ouverture vun eiser Ambassade an der Tierkei zréck ze kommen. Dräi Joer no der Aweiung vun dëser Ambassade hunn eis Echangen an allen Hisiichte substantiell Fortschrëtter opzeweisen. No erfollegräiche Verhandlungen tëschent den zivile Loftfahrtsadministratiounen exploitéiert Turkish Airlines haut all Dag en Direktvol tëschent Istanbul an dem Findel.

145. Un der grousser Zuel vu Visaën, déi eis Ambassade zu Ankara ausstellt, kënne mir moossen, wéivill tierkesch Geschäftsleit sech fir Lëtzebuerg als Wirtschafts- a Finanzstanduert interesséieren a wéivill tierkesch Touristen op Lëtzebuerg op Besuch kommen. D’Zuel vun de Visaën huet sech an de leschten dräi Joer verdräifacht. Den Tourismus entwéckelt sech rapid a mir wäerten lo de 27. November matt den Tierken e Memorandum iwwert den Tourismus ënnerschreiwen, fir déi Entwécklung weider ze ënnerstëtzen – rëm eng Kéier matt der Hëllef vun eiser Ambassade.

146. Wann d’budgetär Mëttelen et erlaben, kéint d’Strategie déi mir an der Tierkei gefuer sinn och e Modell ginn fir eis Politik matt aneren „emerging economies“, wéi z.B. Brasilien.

147. Mä „Diplomatie économique“ gëtt net nëmme vun eisen Ambassaden, mä och vun eise Leit heiheem am Ausseministär bedriwwen. Esou fënnt haut quasi keng Wirtschaftsmissioun an d’Ausland méi statt, déi den Ausseministär net géif – an enker Zesummenaarbecht mam Wirtschafts- a Finanzministär – matt virbereeden.

148. Déi negativ Press an d’Viruerteeler, déi et dobaussen iwwer Lëtzebuerg gëtt, z.B. a Saachen Tax Rulings, schueden dem Bild vum Land. Et wär fatal, dëst ze verharmlosen. Ech sinn dovun iwwerzeegt, dass Lëtzebuerg vill Energie opbrénge wäert fir eise Ruff an een anert Liicht ze setzen. Eise Reseau vun Ambassade versicht dofir proaktiv an der Welt, eisen image de marque ze verbesseren. A kloer ze stellen, dass Lëtzebuerg d’Reegele vun der EU a vun de OCDE, sou wéi se haut sinn, applizéiert. Et gëtt awer e reelle Besoin fir d’Reegelen um internationalen Niveau ze änneren, am Sënn dass méi Transparenz erakënnt. Lëtzebuerg ass en héich kompetente Finanzzenter, Lëtzebuerg ass keng Plaz wou een higeet wann ee keng Steiere bezuele wëll. Lëtzebuerg wëllt international matt schaffen a setzt sech aktiv fir méi Transparenz an de Steiersystemer an.

149. Och an deem Sënn huet d’Regierung am Abrëll hir Strategie Nation Branding am Regierungsrot ugeholl. Mir wëllen un enger Marque „Lëtzebuerg“ schaffen, déi kloer, authentesch a kredibel ass. Si muss fir dat stoen, wat mir sinn. Nëmmen dann kënne mir së no baussen droen.

150. Zum Ofschloss erlaabt mir nach e puer Wierder iwwert d’Présidence. D’Joer 2015 steet fir eist Land ganz am Zeeche vun der EU. An der zweeter Halschent vum Joer wäert Lëtzebuerg fir déi 12. Kéier d'Présidence vum Conseil vun der EU iwwerhuelen - eng Aufgab, déi eis als Grënnungsmember vun der europäescher Gemeinschaft matt ganz vill Freed an Houfert erfëllt. Et ass awer och eng grouss Responsabilitéit. D’Preparative fir eis Présidence lafen op Héichtouren, ënnert der Leedung vum Ausseministär. Ech wëll drop hiweisen, dass mir grouss Efforte maachen, fir matt engem méi klenge Budget wéi 2005 all deene verschiddenen Obligatioune vun der Présidence gerecht ze ginn.

151. Am Kader vum Trio schaffe mir matt Italien a Lettland zesummen. Wéi déi leschte Kéier wäerte mir och enk matt der hollännescher Regierung zesummeschaffen, déi déi Présidence no eis iwwerhëllt.

152. Eisen Trio-Programm dréint rondrëm déi grouss Prioritéite vun der strategescher Agenda : Lutte géint de Chômage, besonnesch vun deene Jonken, Lutte géint d‘Aarmutt an déi sozial Ausgrenzung; d'Strategie Europa 2020 fir intelligenten, nohaltegen an inklusive Wuesstem; d’Realisatioun vun engem eenheetlechen europäesche Bannemaart fir Energie; den Dossier Klima an Energie, asw.

153. Niewent dem Trio-Programm definéiert all Land natierlech och seng eege Prioritéite fir déi 6 Méint un der Spëtzt vum EU Conseil. Mir orientéieren eis fir eise Programm um Kommissiounspresident Juncker sengem 10-Punkte Programm a mir waarden op de legislative Programm vun der Kommissioun, deen den Ament nach an der Maach ass, fir d’nächst Fréijoer eis national Prioritéite festzehalen. Dorënner falen ënnert anerem de Renforcement vum Bannemaart, virun allem am Energieberäich, den Achèvement vum Digitale Bannemaart an den Telekoms-Pak, den Dossier Immigratioun an d'Schafe vun engem sozialen Europa. Eis Présidence wäert och am Zeeche vum europäesche Joer fir Entwécklung stoen.

154. Mir kucken der Présidence matt Zouversiicht entgéint. Ech sinn iwwerzeegt, dass mir et och dës Kéier fäerdeg bréngen, d’Unioun virunzebréngen, matt groussem Dévouement a matt eiser déiwer europäescher a multilateraler Iwerzeegung.

155. D’Präsenz am UNO-Sécherheetsrot huet der Lëtzebuerger Aussepolitik eng nei Dimensioun ginn. Mir hunn do vill bäigeléiert an och aktiv matt gehollef, déi Problemer an Erausfuerderungen, déi sech stellen, unzegoen. Elo, wou déi nächst grouss Prioritéit eis Présidence vun der EU ass, wäert eis dës Experienz och do nëtzlech sinn. Mir wäerten eis an der Regierung d’Fro stellen ob mir dëse groussen Défi net nach eng Kéier wëlle widderhuelen. Fir mech wier dat absolut derwäert, an e gudden Investissement an d’Visibilitéit an d’Crédibilitéit vun eisem Land um internationale Plang. An der Tëschenzäit hu mir eis eng nei Erausfuerderung ginn, déi op eisem staarken a laangjähregen Engagement fir d’Mënscherechter baséiert: mir hunn eis Kandidatur gestallt, fir 2022-24 eng éischte Kéier Member am UNO-Mënscherechtsrot ze ginn.

156. De Multilateralismus ass eng Konstruktioun an där d’Staaten souzesoen d’Zille sinn. Wann déi Zillen zerbriechlech ginn, a virun allem wann den Zement, deen déi Zillen zesummenhält, also d’Vertrauen an déi aner Akteuren an an de System selwer, bréckelt, dann ass di ganz Konstruktioun a Gefor a riskéiert, an de Koup ze falen. Dëst Joer huet eis gewisen, dass mir permanent matt all eise Partner mussen un der Stabilitéit vum internationale Rechtskader schaffen, fir dass Fridden a Sécherheet an Europa an doriwwer eraus fir d’Generatioune vun eise Kanner kënne garantéiert ginn. Mir sinn houfreg, dass mir an deene leschten zwee Joer e puer Paletten Zement an deem Sënn liwwere konnten.

Ech soen Iech Merci.

Dernière mise à jour