Jean Asselborn au sujet des Jeux olympiques à Sotchi: pour ou contre un boycott?

Jean Asselborn (O-Toun): Ech hunn immens vill Respekt virun de President Gauck, wéi déi gesamt lëtzebuerger Regierung, virun där Perséinlechkeet déi natierlech a senger Reaktioune ganz staark geprägt ass vu 40 Joer DDR. Ech mengen, dat wat e seet, och zu Sotchi, dat respektéieren ech. An ech wëll et wierklech net kritiséieren, oder ech wëll et och net kommentéieren.

Dat Zweet dat ass, et muss een oppassen a mengen Aen, datt een net mat der Positioun vum President Gauck direkt e Link mécht zu Boykott. Dat ass et jo net, dat huet e selwer jo och gesot. Mir schwätzen also hei net vum Boykott. Wa mir géife vu Boykott schwätzen, muss ee kloer wëssen, datt et net d’Regierunge sinn déi géifen d’Olympesch Spiller boykottéieren, ma alleng d’Athleten, respektiv de Comité olympique vun den eenzelne Länner ass dofir zoustänneg, wann esou eng Evolutioun amgaange wier.

Dernière mise à jour